Brexit Brexit: Méiglech Zeenarien

Dës Woch ass eng decisiv Woch am Brexit-Dossier. Just 19 Deeg virum geplangten Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU, sinn dës Woch eng Serie Votten am Parlament zu London, vun deenen d'Zukunft vu Groussbritannien ofhänkt. Do kläert sech, ob et e Brexit gëtt oder net, wéini an a wéi enger Form.

Françoise Medernach / cz

Brexit British flag missing piece from a European jigsaw puzzle
Bigstock

Et ass alles anescht wéi gebongt fir d'Theresa May, knapps dräi Woche méi virum 29. Mäerz, sinn nach ëmmer puer Zeenarie méiglech.

Den Dënschdeg stëmmt d'Parlament nach emol iwwer de Brexit-Accord of. Déi éischte Kéier, Mëtt Januar, war deen Accord jo massiv rejetéiert ginn. Zanter zwee Méint huet d'Theresa May elo probéiert, vun der EU Concessiounen ze kréien, mat deenen si d'Deputéiert kéint iwwerzeege fir de Brexit-Deal ze stëmmen. Bis elo allerdéngs ouni Succès. An awer kéint si den Dënschdeg méi Ënnerstëtzung beim neie Vott kréien. Verschidde Brexit-Supporter kéinten nämlech elo realiséiert hunn, datt dëst déi lescht Offer ass, déi si wäerte kréien, fir d'EU ze verloossen. An da léiwer den Accord akzeptéieren, wéi de Risiko lafen, datt et kee Brexit gëtt.

D'EU, hirersäits, hätt gäre kloer Verhältnisser bis d'Europawahlen. An dofir kéint et och sinn, datt Bréissel awer nach, a leschter Minutt, Concessioune kéint maachen.

Optioun 1: D'Deputéiert huelen den Accord un a Groussbritannien trëtt aus

Wann déi britesch Deputéiert de Brexit-Deal den Dënschdeg géifen unhuelen, da ka Groussbritannie gereegelt a mat enger Transitiounsphas aus der EU austrieden. Mee och an deem Fall kann et sinn, datt den Austrëttsdatum verréckelt gëtt, well et elo schonn ze knapps ass, fir nach bis den 29. Mäerz, déi néideg legislativ Texter opzesetzen. Deemno kéint den Datum, och am Fall, wou den Dënschdeg fir den Accord gestëmmt géif ginn, awer nach ëm e puer Woche verréckelt ginn.

Optioun 2: Brexit ouni Accord

Wann d'Deputéiert awer elo muer géint de Brexit-Accord stëmmen, da gëtt et ee weidere Vott e Mëttwoch. An deem Vott freet d'Theresa May d'Deputéiert, ob si d'EU ouni Accord wëlle verloossen. Méiglech wier dat, well et Deputéiert ginn, déi fervent Brexit-Fans sinn, an déi léiwer keen Austrëtts-Accord hunn, wéi e schlechten.

Et kann awer och sinn, datt bei engem Vott e Mëttwoch, refuséiert gëtt, d'EU ouni Accord ze verloossen, an deem Fall ass dann nach en drëtte Vott en Donneschdeg virgesinn. An do stëmmen si doriwwer of, ob si de Brexit wëlle verréckelen.

Optioun 3: Verréckele vum Brexit

An deem Zeenario stellt sech d'Fro: wéi laang kann een deen Datum verréckelen? Bis den 2. Juli dierft u sech kee Problem sinn, dat ass den Dag, wou dat neit EU-Parlament, dat jo am Mee gewielt gëtt, inauguréiert gëtt.

Mee, wat soll an dräi, véier Méint geschéien, wat net elo scho probéiert gi wier, froen d'Analysten. Wann d'Britten also gär de Brexit-Datum verréckelen, da kéint d'EU hinne proposéieren, carrement ee Joer oder méi ze waarden, fir dann eng richteg Alternativ auszeschaffen.

Wann den Austrëttsdelai nom 2. Juli wier, da géif et méi problematesch ginn, dann nämlech misst Groussbritannien Europawahlen organiséieren, well et dee Moment jo nach Member vun der Europäescher Unioun ass, wann d'Wahle sinn.

Optioun 4: En zweete Referendum

Da gëtt et nach eng aner Optioun: en zweete Referendum. Fir déi Optioun setze sech eng Dose pro-europäesch Deputéiert an. De Labour-Chef Jeremy Corbyn ass an Tëschenzäit och dofir.

Mee d'Theresa May refuséiert een neie Referendum, well an deem Fall de Brexit reportéiert an Neiwahle missten organiséiert ginn.

Ee vun dësen Zeenarien, oder vläicht nach en aneren, wäert sech dës Woch op der britescher Insel ofspillen. Et bleift also spannend.

An der Mediathéik:

Chronik / / Françoise Medernach
Lauschteren

Méi zum Thema

Danièle Weber
​EU-politesche Wocheréckbleck

De 26. Mee sinn Europawahlen, den 29. Mäerz verléisst Groussbritannien d'EU. Ass et sécher, datt d'Briten dës Kéier net bei deene Wahlen dobäi sinn? Erklärunge vun der radio 100,7-EU-Korrespondentin Danièle Weber.

Michel Barnier
Brexit

Den EU-Austrëtt vu Groussbritannie réckelt ëmmer méi no. Am britesche Parlament gouf et bis elo keng Majoritéit fir de Brexit-Accord tëschent der EU an der britescher Regierung. Haaptgrond: de Backstop.

Prepare 4 Brexit
Konferenz

D'Entreprisen an Europa bereede sech op de Brexit vir. Och d'Betriber zu Lëtzebuerg kréie vun der EU-Kommissioun an der Lëtzebuerger Regierung deementspriechend Instruktiounen an Ënnerstëtzung.

Jean Asselborn
Brexit

D'EU wier net bereet, de Brexit-Austrëttsaccord nei ze verhandelen. Lëtzebuerg géif sech dofir op e Brexit ouni Accord virbereeden, sou de Jean Asselborn. Am Regierungsrot solle Mesuren decidéiert ginn.

Brexit
Dernière ligne droite

C'est ce soir que les députés britanniques se prononceront sur le deal de Theresa May. A quelques heures du vote, les chances que cet accord soit validé semblent toujours aussi minces.

Brexit
Brexit

Le chemin s'annonce difficile pour Theresa May lors de la reprise des débats sur le Brexit. Que s'est-il passé depuis la reprise, quelle est l'ambiance, et quelles sont les prochaines étapes à venir ?

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen