Brexit Brexit-Gespréicher zu Lëtzebuerg: Keng konkrekt Resultater

D'Gespréicher iwwer de Brexit haut Méindeg hei zu Lëtzebuerg hu keng konkret Resultater bruecht. Den EU-Kommissiounspresident huet no sengem Mëttegiessen um Fëschmaart hei an der Stad mam britesche Premier Boris Johnson widderholl, et wier u Groussbritannien fir Virschléi ze maachen, déi mam EU-Austrëttsaccord an Aklang sinn. Vill méi wollt de Jean-Claude Juncker haut net soen. De britesche Premierminister war op der Declaratioun virun der Press no de Gespréicher net present, sou datt de Lëtzebuerger Premier eleng virun d'Press getrueden ass.

Serge Kesseler / cz

Xavier Bettel ouni Johnson
Foto: BBC

"Ech halen eng Ried e Mëttwoch am Parlament an do soen ech wat ech ze soen hunn. The negociations will continue at a higher level and with a higher speed."

Sou den Nach-EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker no engem Aarbechtsiesse mam britesche Premier Boris Johnson. Dono war de britesche Premier Boris Johnson de Mëtteg fir ronn eng Stonn beim Premier Xavier Bettel am Staatsministère. Anescht wéi geplangt si béid Regierungscheffen duerno net gemeinsam virun d'Press getrueden, mee de Xavier Bettel huet dat eleng gemaach. De Lëtzebuerger Premier huet gesot, datt et eng Verlängerung vum Austrëtts-Delai nëmme soll ginn, wann et eng Ursaach dofir géif ginn. Begleet gouf d'Visitt vum britesche Premier haut hei an der Stad vu gréisseren Demonstratioune vu Brexit-Géigner.


De Bäitrag vum Serge Kesseler


D'Declaratioun vum Xavier Bettel - ouni de Boris Johnson

Maacht net esou, wéi wann d'EU déi Béis wieren, déi d'Decisioun aus Groussbritannien net géifen akzeptéieren. Di britesch Regierung huet den Deal ugeholl an et ass net ass net meng Responsabilitéit, wann se doheem keng Unioun fënnt, a keng Majoritéit am Parlament. Dat sinn hausgemaache Probleemer an mir all muss eis lo mat denen hausgemaache problemer beschäftegen. Zu kengem Zäitpunkt wäert ech dofir Responsabilitéit akzeptéieren, net als Europäeschen Regierungschef, net fir d'Eu-Kommissioun an et ass och net denen aner 27 EU-Länner hier Schold, dass mer - et deet mer leed - an deem Duerchenaner sinn

D'Pressekonferenz nom Meeting - ouni de Boris Johnson

Méi zum Thema

Boris Johnson House of Commons Analys
Groussbritannien

De Boris Johnson wëllt Neiwahlen de 15. Oktober, zwou Wochen ier Groussbritannien aus der EU erausklëmmt. Dofir brauch de britesche Premier eng zwee-Drëttel Majoritéit, déi hien am Ablack net huet.

Boris Johnson, 03.09.2019
Brexit

Boris Johnson a essuyé une lourde défaite hier. Une majorité des parlementaires britanniques a voté hier pour une motion permettant de bloquer un Brexit sans accord au 31 octobre.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen