CO2-Steier Bréngt d'CO2-Steier eppes?

Déi geplangten CO2-Steier wier net héich genuch fir en Effekt ze hunn, seet den Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg. De René Winkin vun der FEDIL gesäit dat anescht: en Deel vum Spritverkaf kéint sou an d'Ausland verlagert ginn.

Rick Mertens / cbi

René Winkin a Raymond Aendekerk
De René Winkin an de Raymond Aendekerk

D'Regierung hat annoncéiert, datt 2021 eng CO2-Steier ageféiert gëtt, vun am Ufank 20 Euro pro Tonn CO2. De Raymond Aendekerk seet, dat wier "homeopathesch".

"Dat geet sécher net duer, fir elo iergendwéi en Effekt ze hunn, fir datt eppes passéiert. Ech kann dat net ausrechnen, mee ech mengen dat wäert an der nächster Zäit ausgerechent ginn. Vläicht gëtt et e Modell vum Staat, dee weist, wou da lo de Punkt wier, wou et en Effekt hätt - mee dee läit net bei 20 Euro."

De René Winkin gesäit dat anescht: Mat 20 Euro pro Tonn kéint een areechen, datt en Deel vum Spritverkaf sech an d'Ausland verlagert. Dat géif awer nëmme fonctionéieren, wann d'Accisen an eise Nopeschlänner um aktuellen Niveau bleiwen, esou de FEDIL-Direkter.

"Mir sinn haut den Zweetbëllegsten an eiser Géigend - d'Belsch ass bei de Camionneuren dat bëllegst Land an den Accisen. Wann déi elo géifen do bléiwen, wou se sinn a mir géifen fënnef oder nach méi Cent eropgoen, da géif ech scho mengen, datt Lëtzebuerg duerch Verlagerung de Gros vum Zil wäert areechen. Wann natierlech déi Länner ronderëm eis och eropginn, da gesäit dat Bild erëm anescht aus."

CO2-Emissiounen erofkréien

Den Direkter vun der Industriellefederatioun seet, fir d'Lëtzebuerger Industrie wier et schwéier hir CO2-Emissioun bis 2030 ëm 55 Prozent ze drécken. D'Industriebetriber zu Lëtzebuerg géifen nämlech gréisstendeels mat Stroum funktionéieren, a manner mat fossiller Energie, esou de René Winkin:

"Wa mer doheem an den Haiser sinn, an et seet een et wéilt ee méi effizient ginn, dann denkt all Mënsch u säin Haus, wat dat verbraucht. En denkt net u säi Staubsauger, u seng Tëlee. An an der Industrie ass et éischter ëmgedréit: Do wier de Staubsauger an d'Tëlee eigentlech dat, wat exposéiert ass, an herno d'Hëtze vun der Hal mat Gas, oder d'Virhëtze vun engem Produkt, dat ass dacks méi marginal."

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Klimaplang
Ëmwelt- a Klimapolitikpolitik

D'Regierung huet den nationalen Energie- a Klimaplang presentéiert. D'CO2-Emissioune solle bis 2030 ëm 55 Prozent reduzéiert a Lëtzebuerg bis 2050 klimaneutral ginn. Der Oppositioun feelen Detailer.

Claude Turmes a Carole Dieschbourg
Nationalen Energie a Klimaplang

Déi geplangt CO2-Steier ass eng Moossnam aus dem nationalen Energie a Klimaplang, deen de 6.Dezember am Regierungsrot ugeholl gouf. Duerch d'CO2-Steier soll de Prinzip vum "Pollueur-Payeur" ëmgesat ginn.

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Noriichten

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen