arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi Engagement fir Postfilialen

Post

|
reading time

2 min

Méi Engagement fir Postfilialen

Kritik un der Postgeneraldirektioun wéinst Iwwerstonnen an Duebeltouren: Schold wär e Mangel u Personal, seet de President vun der Bréifdréieschgewerkschaft. Déi kommunal Politiker sollen sech an hire Gemenge fir d'Iwwerliewe vun de Postfilialen asetzen, fuerdert de Raymond Juchem.

reading time

2 min

D'Gemengepolitiker solle sech fir d'Iwwerliewe vun de Postfilialen an hire Gemengen asetzen, esou den Appell vun der Bréifdréieschgewerkschaft op hirem Kongress. De Pläng vun der Postgeneraldirektioun no soll et landeswäit bis d'Joer 2025 just nach 15 Postfiliale ginn, erkläert de Raymond Juchem, de President vun der CGFP-affiliéierter Gewerkschaft.

Wat fir Gemenge betraff sinn, wär nach net gewosst. Hien hofft, datt am Kader vun de Gemengewahlen, déi kommunal Politiker aktiv ginn.

Verschlechterung fir d'Clienten

Dernieft sollten och d'Bierger sech wieren. Anescht wéi d'Postgeneraldirektioun an de Minister Etienne Schneider géife behaapten, géif d'Reduzéierung vun de Postfilialë keng Verbesserung fir de Client bréngen. "E forméierte Guichetier ass e Qualitéitskritär, dee sollen all Mënsch gebuede kréien".

E Mataarbechter vun enger Tankstell oder engem Supermarché kéint net déi selwecht Prestatioune bréngen, wéi e Postier. Ausserdeem géif e Client an engem Geschäft och net all Servicer gebuede kréien. De Raymond Juchem schwätzt vun enger Verschlechterung fir d'Clienten.

Chronesche Personalmangel

Wéinst Iwwerstonne schaffe vill Bréifdréier méi laang. Dobäi géif et a ville Servicer Personalmangel ginn, besonnesch awer bei de Bréifdréier. Dat géing dozou féieren, datt verschidden Touren net moies gemaach ginn, mä mëttes an enger zweeter Tournée.

Dem Gesetzestext vum Fonctionnaire no, dierft et just an exzeptionelle Fäll Iwwerstonne ginn. Bei 800 Duebeltouren d’lescht Joer, hätt een et net méi mat enger Ausnam ze dinn. Déi Problematik vun den Duebeltoure géif net just bei de Bréifdréier bestoen, mee och bei de Porteuren, déi d'Zeitungen ausdroen.

play_arrow Raymond Juchem