Et géif hire Mandant a seng Famill "extrem belaaschten", datt d'Affär sou laang dauert. "Wann der dann en plus nach net schëlleg sidd, dann ass et nach méi schwiereg ze geréieren." Bis de Prozess kéint virugoen, géif et hirer Meenung no awer nach méi laang daueren, sou d'Lydie Lorang. Déi leschte Kéier hätt et vun den Inculpatioune bis bei de Prozess ronn fënnef Joer gedauert, sou d'Affekotin. Et kéint een dovun ausgoen, datt et dës Kéier och laang wäert daueren. "An da géifen d'Faiten iwwer 40 Joer zeréckleien - dat ass net normal."
"Zesumme Front maachen", oder "sech desolidariséieren"
Déi nei Beschëllegunge géifen et fir hire Mandant "méi liicht" maachen, well domat och de Grupp vun de "potentiellen Täter" méi grouss gëtt. "Well mir e Koup aner Méiglechkeeten hu vu potentiellen Täter", sou d'Lydie Lorang.
Affekote missten ëmmer am Interêt vun hirem Client schaffen "wa mir der Meenung sinn, datt et am Interêt ass vum Här Wilmes, a vum Här Scheer, eis elo e bëssen ze desolidariséiere vun deene neien Inculpéierten, da musse mir dat maachen". Falls een awer der Meenung wier, datt och dës Persoune falsch accuséiert gi sinn, da misst ee kucken, fir "zesummen eng Front [ze] maachen", sou d'Lydie Lorang.