Sport Bob Jungels: Réckbléck 2019, Ausbléck 2020

No enger duerchwuessener Saison 2019, geet de Bob Jungels voll motivéiert an d'Joer 2020. D'Feeler, déi him zejoert geschitt sinn, wieren analyséiert, d'Conclusiounen doraus gezunn, seet de 27 Joer ale Cyclist, dee viru senger aachter Profi-Saison steet, där fënnefter am Maillot vun der Equipe Deceuninck Quick Step.

Maurice Molitor / cbi

Bob Jungels

De kompletten Interview vum Maurice Molitor mam Bob Jungels


U sech hat d'Joer 2019 wonnerbar ugefaange fir de Bob Jungels: en Etappe-Succès Mëtt Februar am Tour duerch Kolumbien, senger éischter Course vum Joer. Dono d'Flandere-Klassiker, mam Erfolleg ufanks Mäerz bei Kuurne-Bréissel-Kuurne. Zimmlech genee ee Mount drop, beim Tour des Flandres, dunn awer éischt Zeeche vun Erschëpfung:

"Den Tour de Flandres sinn ech op en Enn gefuer, wou ech wierklech op der Limite war, ech war net méi honnertprozenteg frësch. Ech hu véier Deeg Paus gemaach, sinn du direkt an d'Héicht gaangen. Am Giro hat ech d'Ambitioun fir de Classement général ze fueren, wat mat sech bréngt, datt s de no de Flandere-Klassiker zwee bis dräi Kilo muss verléieren. Effektiv ass dat mir relativ einfach gelongen an der Sierra Nevada an der Héicht, mee fir mäi Kierper war et einfach ze vill."

E kollektive Feeler

Ze wéineg Erhuelung, ze mann Recuperatioun. No enger nach passabeler éischter Woch am Giro d'Italia koum d'Rechnung: Nom éischte Roudag hätt hie gemierkt: "Et leeft net, wéi et soll!". Aus Respekt hätt hie wëllen am Giro bleiwen, "well et war awer all Mënsch fir mech do".

"Ech sinn do dra bliwwen, an effektiv hunn ech mech do virun allem a menger Confiance ganz déif an de Buedem gefuer", seet de Bob Jungels, an hien huet sech dovu bis un d'Enn vun der Saison ni richteg erkritt. "Et war e kollektive Feeler", seet hien, och de Staff hätt an der Analys seng Responsabilitéit agestanen.

An engem rezente Gespréich mat sengem Dokter, deen och beim Giro d'Italia dobäi war, hätt dëse gesot: "Ech hätt dech einfach missen eraushuelen aus dem Giro." Och wann den Dokter dat als säi Feeler ugesäit, géifen Decisiounen ëmmer zesumme geholl ginn, seet de Bob Jungels. "Ech denken, datt do kengem d'Schold ze ginn ass."

Eng schwéier Saison

Iwwer dem Fale léieren d'Kanner goen, seet e Spréchwuert, an an deem Sënn ass de Bob Jungels zouversiichtlech, datt dat Joer 2019 vläicht de Moment selwer zimmlech frustrant a schwéier ze erdroe war, datt et sech an Zukunft awer nach als ganz nëtzlech kéint erausstellen.

Et wier mental eng ganz schwéier Saison gewiescht, seet de Bob Jungels, mee hien hätt immens vill iwwer sech selwer geléiert.

"Ech hu vill geléiert, mat schwéiere Situatiounen ëmzegoen. Ech hu gesinn, wéi ech reagéiere wa Coureure bei mir an der Equipe méi staark si wéi ech. Et ass ganz kloer eng Situatioun, wou ech guer net gär dra sinn. Doduerch denken ech awer, datt et e ganz léierräicht Joer war a mir an Zukunft vill wäert bréngen."

Ziler fir 2020

D'Erkenntnisser vun zejoert sinn op jiddwer Fall emol schonn an d'Plange vun der Saison 2020 mat agefloss: no de Flandere-Klassiker (wou de Bob Jungels e Succès beim Tour de Flandres oder bei Paris-Roubaix an der Nues huet), geet et no enger méi laanger Recuperatiouns-Phas an d'Virbereedung op den Tour de France. Do viséiert de Lëtzebuerger manner de General wéi eng Etappe-Victoire.

Dat wieren d'Haaptziler vun der Saison, mee et gëtt do nach en anert:

"Ech géif mir am Fong wënsche fir eemol erëm eng Kéier eng ganz konstant Saison ze fueren. Wéi ech méi jonk war, war dat ëmmer meng Stäerkt. Mee dat ass eppes, wat ech an deene leschte Joren iergendwéi net méi sou ganz hikrut.

Nom Tour de France ass nach Olympia, no Olympia nach Rendez-vouse wéi den Tour de Lombardie oder d'Weltmeeschterschaft. Ob de Bob Jungels iwwerall do nach ugräife kann a wëllt, hänkt vum Zoustand of, an deem hien aus dem Tour de France kënnt.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Michel Ries
Vëlosport

Den 21 Joer ale Michel Ries, deen Enn August am Tour de l'Avenir mat zwou zweete Plazen op Biergetappen an enger siwenter Plaz am Général op sech opmierksam gemaach hat, geet bei Trek Segafredo.

Bob Jungels
Vëlosport

De Bob Jungels huet de Klassiker Léck-Baaschtnech-Léck am Cyclissem gewonn. Am 100,7-Interview reagéiert de Pilo Fonk emotional. Hien ass iwwerzeegt, datt de Bob Jungels nach Grousses erreeche kann.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen