arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bob Jungels gewënnt Léck-Baaschtnech-Léck

Vëlosport

|
headphones

1 min

Bob Jungels gewënnt Léck-Baaschtnech-Léck

De Bob Jungels huet de Klassiker Léck-Baaschtnech-Léck am Cyclissem gewonn. Hien ass nom Marcel Ernzer (1954) an Andy Schleck (2009) deen 3. Lëtzebuerger, deen d'"Doyenne" fir sech entscheede konnt.

headphones

1 min

Fir de Lëtzebuerger Champion ass dat dee gréisste Succès a senger Carrière, bis elo.

Dee legendäre Lëtzebuerger Sportreporter Pilo Fonck huet am 100,7-Interview mat Emotioun op déi Victoire um Dag vu sengen 80 Joer reagéiert. Hien ass iwwerzeegt, datt de Bob Jungels nach vill méi Grousses am Cyclissem erreeche kann.


Interview vum Pierre Reyland mam Pilo Fonck

play_arrow Lauschteren