Spiller vun de klenge Länner Bob Bertemes ass Toppfavorit

Titelverdeedeger an Toppfavorit - vum Kugelstéisser Bob Bertemes gëtt bei de Spiller vun de klenge Länner eng Goldmedail scho bal erwaart. Dat kann en Athlet ënner Drock setzen. De Matthias Kirsch huet de Bob Bertemes gefrot, ob hien d'Gefill huet, hie misst a Montenegro gewannen.

Matthias Kirsch / cbi

Bob Bertemes
De Bob Bertemes ass Toppfavorit bei de Spiller vun de klenge Länner. Foto: Archiv

Spiert Dir als Titelverdeedeger an Toppfavorit den Drock, bei de Spiller vun de klenge Länner gewannen ze mussen?

Gewannen ze mussen u sech net, an Drock eigentlech och net. Ech kann dat Ganzt méi relax ugoen, wann ech weess, datt ech eng méi héich Beschtleeschtung hunn, wéi déi aner. Da muss een net ëm all Zentimeter raiberen. Wann ee seng Leeschtung aus dem Training, déi een drophuet, kann ofruffen, da misst dat alles klappen. Fir mech hëlt d'Favoritteroll also éischter Drock ewech.

D'Zil vun Ärer Saison ass d'Weltmeeschterschaft, déi ass dëst Joer immens spéit, eréischt Enn September, Ufank Oktober. Huet dat Iech an der Preparatioun fir d'Spiller vun de klenge Länner gehënnert?

E bësse schonn. An et ass awer wichteg, hei bei de Spiller matzemaachen. Et muss een ebe kucken, wéi een et mam Training mécht. Vläicht "peakt" (Remark vun der Redaktioun: de Maximum u Potential erreechen) een da scho fir d'Spiller.

Dat heescht, Dir sidd am Moment net an Toppform?

Toppform net, mee Toppform vun deem, wat fir de Moment méiglech ass. Mir hu vun Ufank u gesot, mir géife kucken, wéi et beim Training leeft. Bis elo ass alles no Plang verlaf. Ech sinn do, wou ech wëll sinn, souguer schonn e bësse méi wäit. Et mécht Sënn hei ze sinn.

Är Preparatioun fir d'Weltmeeschterschaft hutt Dir also net verännert?

Just geringfügeg. Beim Kugelstousse muss een explosiv sinn. A mir hunn dat ganz gutt hikritt, datt ech hei eng gutt Leeschtung kann ofruffen. Et ass am Fong nach esou wäit bis d'Weltmeeschterschaft, datt dat net esou vill ausmécht.

Ee vun Äre gréisste Konkurrente bei de Spiller vun de klenge Länner ass en Athlet aus Montenegro, dem Gastgeberland. Wéi ee Virdeel huet een, wann ee virun den eegene Supportere ka stoussen?

Ech denken ee Virdeel ass, datt ee vun de Fans Ënnerstëtzung kritt. Mee et kann och en Nodeel sinn, wann s de an d'Competitioun eragees a sees, du muss elo eng gutt Leeschtung bréngen. Als Net-Montenegriner kanns de heihinner kommen an dat maachen, wat een ëmmer mécht. Dann huet een deen Drock net.

D'Competitioun am Kugelstoussen ass en Dag no hanne geréckelt gi vun der Organisatioun. Mécht dat een nervös?

Mir spillt dat u sech an d'Kaarten. Mir sinn eréischt vun engem anere Meeting zeréckkomm. Ech kann also een Dag méi recuperéieren an trainéieren.

Hutt Dir Iech eng Wäit virgeholl, déi Dir wëllt erreechen?

U sech net, et hänkt e bëssen dovunner of, wat mäi gréisste Konkurrent stéisst. Ech hat am Virfeld scho gesot, dat dierft sech a Richtung vun den 20 Meter ofspillen. Wien dann Éischten an Zweete gëtt, musse mir dann e Mëttwoch kucken.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Matthias Kirsch
Lauschteren

Méi zum Thema

Marion Diehl - Berlin 2018
Liichtathletik-EM zu Berlin

Dräi Lëtzebuerger Sportler ware bei der Europameeschterschaft an der Liichtathletik zu Berlin um Depart. Si brénge gutt Resultater mat heem, esou datt déi Responsabel ganz zefridde sinn.

Bob Bertemes gëtt 6. op EM
Kugelstoussen

Bei der Liichtathletik-EM koum de Bob Bertemes den Dënschdeg den Owend am Kugelstousse mat engem neie Landesrekord op déi 6. Plaz. De Lëtzebuerger huet säin eegenen nationale Rekord ëm 34 Zentimeter verbessert, op elo genee 21 Meter.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen