Sans-abrië beim Abrigado Bleift doheem! Mee wat ass, wann ee keen Doheem huet?

Wéi soll een doheem bleiwen, wann ee keen Doheem huet? D'Regierung recommandéiert, datt d'Bierger doheem bleiwen a sech net versammele fir d'Corona-Pandemie anzedämmen. Mee wat ass mat deene Leit déi keen Doheem hunn? Zum Beispill eng ganz Rei vun den 180 Clienten, déi an der Moyenne pro Dag an den Drogenhëllefszenter Abrigado zu Bouneweg kommen. Och hei muss ee sech ëmstellen.

Maxi Pesch / cz

Abrigado

D'Zuel vun de Leit déi gläichzäiteg kënnen an den Informatiouns- a Konsumraum fir Drogenofhängeger wier drastesch reduzéiert ginn, erkläert de Raoul Schaaf, Direkter vum Comité national de défense sociale, deen den Drogenhëllefszenter Abrigado geréiert.

"Also mir hu lo zesummen ëmmer just fënnef a sechs Clienten hei, bei dräi bis véier Leit Personal. An dat an engem bestännegen Roulement." Doduerch, datt den Openthalt zäitlech limitéiert wier, géif ee sécherstellen, datt jiddwereen, iwwer den Dag gesinn, an de Raum era kéint kommen.

Keen Afloss op d'Place public

Ënner anerem d'Limitatioun vun de Leit bannen dem Gebai wier ee Grond, wisou sech dobausse virun der Dier méi Leit géife versammelen, erkläert de Raoul Schaaf. Den Abrigado huet awer keen Afloss op d'Place public. Hie kéint och net soen, op d'Police déi Leit kéint bestrofen, well si sech deen Ament net un d'Recommandatioune vun der Regierung halen.

"Et kënnt dorobber u wéi d'Police deen Ament reagéiert. De Problem ass e bëssen deen, datt eng ganz Partie vun deenen Leit hei virun der Dier sinn, déi hu keen Doheem. Mir probéieren souwäit wéi méiglech d'Usammlung vu ville Leit op enger Plaz ze vermeiden. Mee hei virun der Dier vum Abrigado, dat ass Place public, do hu mir keen Afloss op d'Zuel vun de Leit, déi do stinn."

Sensibiliséierungsaarbecht an Temperaturtester

Et géif een d'Leit awer versichen ze sensibiliséieren. An och wann d'Clienten, déi an den Abrigado kommen, warscheinlech aner Prioritéiten hätten, wier d'Verständnis fir d'Precautiounen do, sou nach de Raoul Schaaf. Am Abrigado géif een och de Virus am A behalen. Am Nuetsfoyer géif een de Clienten zum Beispill Temperatur moossen.

"Am Fall, wou mir do zwee Symptomer hunn, dirigéiere mir déi Leit an d'Maisons Medicales."

D'Vollekskiche soll awer weider fonctionéiere mat engem Service à emporter.

Fir den Direkter vum CNDS wier et wichteg d'Aktivitéit vum Abrigado, genee wéi déi vun de Klinicken, esou laang oprecht ze erhale wéi méiglech.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Maxi Pesch
Lauschteren

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen