Medien Bistum: "D'Kapitel Lëtzebuerger Wort ass ofgeschloss"
De Weihbeschof seet hie wär iwwerrascht, wéi séier de neien Propriétär vum Letzebuerger Wort Mataarbechter entlooss huet. Hie wär "traureg", datt Leit hir Aarbecht verluer hunn, esou de Leo Wagener. De Bistum géif awer net bedaueren, datt en d'Editiounshaus Saint-Paul verkaaf huet.
Him wieren déi Leit, déi elo entlooss gi sinn net egal, an awer gesäit de Weihbeschof déi voll Verantwortung fir d'Entloossunge beim neien Proprietär. "Awer ech war schon iwwerrascht iwwer d'Geschwindegkeet, mat der dee Sozialplang do gemaach gouf."
Am Abrell hat de Bistum d'Editiounshaus vum Wort un déi Belsch Firma Mediahuis verkaaf. De neie Besetzer huet an Teschenzait eng 70 Mataarbechter entlooss.