arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ BGL Ligue: Keng Léisung am Sträit ëm Solidaritéitsbäitrag

Fussball

|
reading time

2 min

BGL Ligue: Keng Léisung am Sträit ëm Solidaritéitsbäitrag

Iwwermuer Sonndeg ass de leschte Spilldag am Lëtzebuerger Fussball-Championnat, an do mussen nach zwou wichteg Froe gekläert ginn. Éischtens (a virun allem): Wee gëtt Champion? D'Fola? Hesper? Oder souguer vläicht den F91 Diddeleng? An zweetens: wie qualifizéiert sech nieft deenen dräi Ekippe fir Europa. Déi Decisioun fält am direkten Duell vun den zwee Veräiner, déi nach fir déi 4. Tabelleplaz a Fro kommen: de Stater Racing an de Progrès Nidderkuer.

reading time

2 min

Nieft dem sportlechen Enjeu geet et do och ëm vill Suen: op d'mannst 250.000 Euro ass eng Qualifikatioun fir déi nei UEFA Conference League wäert.

13 Clibb aus der BGL Ligue hätte gär, datt déi dräi, déi scho fir Europa qualifizéiert sinn (Fola, Hesper an Diddeleng), sech solidaresch weisen. Si sollen e klengen Deel vun der Primm, déi se vun der UEFA kréien, weiderginn. Doriwwer hätt et u sech e Konsens ginn, mee bislo wier nach keng Léisung fonnt ginn, esou d'Karine Reuter. Hire Veräin géif am Fall vun enger Qualifikatioun fir déi nei UEFA Conference League allzäit zu sengen Engagementer stoen, sou d'Presidentin vum Racing: "Mir haten dat vun Ufank u gesot, a mir wäerten eise Bäitrag an dee Fonds de solidarité maachen."

D'Karine Reuter, déi och Presidentin vun der Lëtzebuerger Football Ligue ass, huet an deem Kontext eng Aktioun um leschte Spilldag um Sonndeg an Aussiicht gestallt, ouni awer am Detail ze verroden, wat geplangt ass.

D'Decisioun, wien neien Trainer beim aktuellen Tabellevéierte gëtt, géif d'nächst Woch bekannt gemaach ginn, sot d'Karine Reuter och nach. Si huet net dementéiert, datt de Jeff Saibene eng vun de Pisten ass, et awer och net confirméiert.

De Stater Racing hat sech leschte Weekend schonn de Championnat am Fraefussball duerch eng 8-1 Victoire géint d'Young Boys Dikkrech konnte sécheren.