"Mir si frou, datt mir de Staat als Aktionär hunn", esou de BGL-Generaldirekter am 100,7-Interview. Datt de Staat zu 34 Prozent un der Bank bedeelegt ass, wär e "Stabilitéitsfacteur" fir d'Clienten a fir d'Mataarbechter. De Carlo Thill gesäit doran och keng Wettbewerbsverzerrung géintiwwer vun anere Banken: "Et besteet jo haut ee System, wou all Client bis 100.000 Euro ofgeséchert ass." Dat wär eng "mutualiséiert Assurance", déi och fir d'Cliente vu Banke gëllt, un deenen de Staat net bedeelegt ass.
Nieft 34 Prozent vun der BGL gehéiert dem Staat d'Spuerkeess an zéng Prozent vun der BIL. Donieft ass de Staat iwwer d'Post och indirekt un der Raiffeisen bedeelegt. Dat géing d'Konkurrenz ënnert de Banken awer behënneren, mengt de Carlo Thill. Et hätt Sënn gemaach, datt de Staat während der Finanzkris Parte vun der BGL a vun der BIL kaf hätt. Ob d'Bedeelegungen haut nach Sënn maachen, misst de Staat awer selwer beäntwerten.
BGL wëllt keng Agencen zoumaachen
Fir de BGL-Generaldirekter ginn et awer am Moment ze vill Banken um Lëtzebuerger Marché: “Et mécht iwwerhaapt kee Sënn, datt esou vill Banken um Lëtzebuerger Marché aktiv sinn”, esou de Carlo Thill. Hei am Land géifen op eng Bankagence 2.600 Awunner kommen. An aneren europäesche Länner géif et eng Bankagence pro 9.000 Awunner ginn. Dofir wär eng Konzentratioun vun de Bankagencen hei zu Lëtzebuerg néideg.
D'BGL wëllt am Moment awer keng Agencen zoumaachen. D'Bank wéilt zwar Käschten ofbauen, mä d'Zil wär weider, dat ganzt Land ofzedecken. D'Zuel vun den Agence soll dofir d'selwecht bleiwen, mä wann eenzel Agencen net méi rentabel wären, da kéinten se d'Plaz wiesselen, seet de Carlo Thill. Am Moment géifen allerdéngs alleguerten déi 41 BGL-Agencë Profit maachen.
40 Mataarbechter pro Joer manner
Wéinst den niddregen Zëns-Tauxen an den deiere Regulatiounen, déi no der Finanzkris agefouert goufen, soll och beim Personal gespuert ginn: Bis 2020 missten all Joer 2,5 Prozent vun de Käschten ofgebaut ginn, dat géif bedeiten datt 40 Mataarbechter am Joer ewechfalen. D'BGL plangt awer net, Leit z'entloossen: “Mir hunn normal Pensiounen, déi kommen a Leit, déi d'Bank vu sech aus verloossen", esou de Carlo Thill.
Mat de Resultater fir 2016 ass d'BGL BNP Paribas trotz dem schwieregen Ëmfeld zefridden: D'Bank huet 403,2 Milliounen Euro Gewënn gemaach. Dat ass e Plus vun 13 Prozent par Rapport zum Joer virdrun.