Populatioun Bevëlkerung wiisst manner staark wéi déi Jore virdrun

D'Covid-Pandemie huet de Populatiounswuesstem zu Lëtzebuerg gebremst. Den Zuele vum Statec no hunn op den 1. Januar hei am Land ronn 635.000 Leit gewunnt. Dat ass zwar e Plus vun eppes méi wéi 8.600 Awunner, oder 1,4 Prozent par Rapport zum Joer virdrun. Allerdéngs war de Wuesstem an de Jore virdru méi staark. An: wéinst de Pandemie ass d'Mortalitéit vill eropgaangen.

Christiane Kleer / cbi

Groussgas
Op den 1. Januar 2021 hu ronn 635.000 Leit zu Lëtzebuerg gewunnt. Foto: Bigstock / hpbfotos

Lauschteren


D'lescht Joer sinn hei am Land 7,6 Prozent méi Leit gestuerwe wéi nach dat Joer virdrun, deelt de Statec haut a sengem demographeschen Update mat. An der Moyenne waren d'Fraen dobäi 81 Joer al, an d'Männer ronn 74 - wat enger éischter stabeler Altersmoyenne entsprécht.

D'Hausse vun der Mortalitéit läit u Covid-19, heescht et vum Statistik-Institut: 11 Prozent vun all den Doudesfäll d'lescht Joer ware wéinst der Viruserkrankung. Besonnesch de Mount November 2020 stécht eraus: do sinn 144 Persoune méi gestuerwen wéi an der Moyenne dee Mount déi Jore virdrun.

Solde migratoire geet erof

Lëtzebuerg ass a bleift ee Awanderungsland - och a Covid-Zäiten, mee: d'Pandemie hat och hei een Afloss op d'Zuelen. Dat gesäit ee gutt beim Solde migratoire, also d'Zuel vun deenen, déi immigréieren, Minus déi déi auswanderen. Dee Solde louch 2019 nach bei 11.075 Leit, d'lescht Joer ass en op 7.620 erofgaangen.

De Grond, deen de Statec dofir gëtt, iwwerrascht net: d'Aschränkunge vun der Beweegungsfräiheeten an d'Onsécherheeten um Aarbechtsmarché hu manner Leit op Lëtzebuerg gezunn. Zwar ass d'Zuel vun den Auswanderer och erofgaangen, mee manner staark wéi déi vun den Awanderer. Den Undeel vun de Leit mat Lëtzebuerger Pass läit aktuell bei 52 Prozent.

Bei de Gebuerten gëtt et eng liicht Hausse vun 3,7 Prozent par Rapport zu 2019, déi de Statec a senger schrëftlecher Analys net kommentéiert. Et gouf awer 2020 och nach knapps 16 Prozent manner Bestietnisser - eng Entwécklung, déi erëm eng Kéier op d'Pandemie zeréckzeféieren wier.

Méi zum Thema

2020 sinn däitlech méi Leit gestuerwen
Populatioun

D'lescht Joer sinn zu Lëtzebuerg däitlech méi Leit gestuerwe wéi an de Jore virdrun. Dem STATEC no sinn d'lescht Joer 4.649 Leit gestuerwen - ronn 400 méi wéi 2019. Dat entsprécht enger Hausse vun 8,5 Prozent.

Iwwerstierflechkeet
Corona-Pandemie

Trotz der Corona-Pandemie ass den Altersduerchschnëtt vun de Leit, déi dëst Joer gestuerwe sinn, net geklommen. Fir d'Méint Januar bis Mee läit dëse Wäert bei bal 81 Joer, d'selwecht wéi d'Jore virdrun.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen