DEBAT AM EU-PARLAMENT Bettel: "Nach ze fréi fir sech ze positionéieren"

D'Unioun tëscht de Memberlänner an der EU muss méi staark ginn, dat war de Mëttwoch ee vun den Haaptmessagen vum Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel am Europaparlament. Hie war invitéiert ginn, fir iwwert d'Zukunft vun der EU ze debattéieren. Do koum eraus, datt et virun allem am Gebitt vun der Steierpolitik Divergenze mat Europa-Parlamentarier gëtt. Dat war keng Iwwerraschung. Wat méiglech Schrëtt fir d'Reform vun der Eurozon ugeet, wollt sech de Lëtzebuerger Premier net festleeën.

Danièle Weber / cz

Xavier Bettel am  Europäesche Parlament EP Plenary session - Debate on the future of Europe with the Prime Minister of Luxembourg
Foto: Europäescht Parlament

Villes gouf ugeschwat, villes ass awer zimlech vague bliwwen an der Ried, déi de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel e Mëttwoch am Europaparlament gehalen huet.

Ee vun den Haaptsujeten am Debat mat de Parlamentarier war d'Lëtzebuerger Steierpolitik. No LuxLeaks steet Lëtzebuerg nach ëmmer an der Kritik, besonnesch wat d'Besteierung vu groussen Entreprisen ugeet. D'EU-Kommissioun hat dem Grand Duché genee ewéi der Belsch, Irland a Malta eng aggressiv Steierpolitik reprochéiert.

Bettel: "Iwwer Steiersenkungen nodenken"

Och dorop ass de Xavier Bettel a senger Ried net direkt agaangen. Hien huet et mat enger Offensiv probéiert. Wann et em Steierharmoniséierung geet, wier him opgefall, datt da just em Steiererhéijunge géing goen. Hie géif awer och gären emol iwwert Steiersenkungen nodenken. Dat war eng Zort Virlag fir de Kommissiounspresident. Seng Äntwert koum prompt - à la Jean-Claude Juncker.

Hien hätt och Steieren erofgesat, wéi hien nach Premier zu Lëtzebuerg war, sou de Jean-Claude Juncker. Allerdéngs géing et hei net dorëms, mee em Steiergerechtegkeet an drëm, datt Internet-Entreprisen net genuch Steiere bezuelen.

Lëtzebuerg an der Kritik

Vill Froen vun de Parlamentarier un de Xavier Bettel hu sech op dee Sujet konzentréiert. D'Argumenter si bekannt: De Philippe Lamberts vun deene Grénge sot, de Grand Duché Lëtzebuerg stéing nach ëmmer op der Brems a verschiddenen Steier-Dossieren an dat wier bei engem pro-europäesche Land wéi Lëtzebuerg net ubruecht.

De Martin Schirdewan vun den Däitsche Lénke gesäit ee Widdersproch an der Ried vum Xavier Bettel. Hien hätt zwar gesot, hie wier géint Steierdumping. Lëtzebuerg géif awer genee d'Konkurrenz vun deem Dumping an der EU ufeieren an dat hätt Konsequenze fir den Alldag vu villen Europäer, wëll d'Sue fir Investitiounen a Schuelen, Crèchen oder d'Fuerschung feelen.

De Premier ass ganz engagéiert op déi Froen agaangen. A senger Äntwert verweist hien an éischter Linn op de Brexit, an datt d'EU nom Austrëtt vu Groussbritannien kompetitiv bleiwe muss.

Mady Delvaux: "EU-Interessen iwwert nationaler stellen"

Net ganz iwwerzeegt dovun ass no der Interventioun an der Plenière d'Sozialistin Mady Delvaux. Lëtzebuerg sollt ophalen an deem Domän national Interêten iwwert déi vun der EU ze stellen. Si wier sech bewosst, datt den Ament keng Partei sech dofir asetzt, och d'LSAP net. Bäi der Lëtzebuerger Oppositioun kënnt dem Xavier Bettel säin Optrëtt och net gutt un. D'Viviane Reding, Europadeputéiert vun der CSV, déi bekanntlech fir d'Chamberwahlen am Hierscht kandidéiert, ass schonn a Wahlkampfstëmmung.

Viviane Reding: "Konkret Propose feelen"

An der Ried wiere "vill Floskelen, vill Réckblécker, a wéineg Ausblécker op dat wat an Zukunft geschéie muss" gewiescht, seet déi fréier EU-Kommissärin. Fir grouss Reforme gesäit de Xavier Bettel ee Problem. D'Bierger wieren net prett, fir iwwert institutionell Ännerungen ze schwätzen. Och hei gëtt et Kritik vum Viviane Reding. "Fir iwwerhaapt kënne Projeten ze erméigleche muss een institutionell Decisioune virschloen an och duerchsetzen."

D'Reform vun der Eurozon ass den Ament an der Diskussioun. De Jean-Claude Juncker huet festgehalen, datt de Xavier Bettel nach eng Schëpp misst bäileeën a Faarf bekennen. Och d'Deputéiert hunn hei méi Kloerheet verlaangt. De Xavier Bettel fënnt et awer ze fréi, sech festzeleeën.

D'Viviane Reding positionéiert sech. An zwar géint d'Propos vum Emmanuel Macron fir der Eurozon een eegene Budget ze ginn. Et kéint een een entspriechende Posten am EU-Budget virgesinn, seet d'CSV-Politikerin.

Charel Goerens: "Lëtzebuerg ass op fir Reformen"

Manner kritesch geet de Parteikolleeg vum Xavier Bettel, den Europadeputéierte vun der DP, de Charel Goerens mam Premier ëm. Hie kann deem, sech net ze positionéieren, eppes of gewannen. Domat géif hien an engems weisen, dat en op fir Reformen ass.

Aus der Ried hält de neie Member vun der Lëtzebuerger Regierung an aktuellen Europadeputéierten, de Claude Turmes zeréck, datt de Grand Duché een europäesche Musterschüler ass. Mat der Ausnam vun der Steierpolitik.

Claude Turmes: "Lëtzebuerg huet eng Läich am Keller"

"Do hätt Lëtzebuerg eng Läich am Keller", seet de Claude Turmes. Lëtzebuerg géif déi europäesch Solidaritéit ënnerwanderen, andeems d'Regierung hire Veto bei Steierfroen aleet. Een Europa, dat fonctionnéiert bräicht och Decisiounen, déi mat enger qualifizéierter Majoritéit geholl ginn. Et misst méiglech sinn, datt och emol ee Land iwwerstëmmt gëtt. Dee Widdersproch wéilt hien uschwätzen, wann hien an der Regierung ass, seet de Gréngen Europadeputéierten. Wat déi grouss Dossieren, wéi d'Reform vun der Eurozon ugeet, mussen all d'Regierungen aus den EU-Memberlänner, an e puer Woche Faarf bekennen. Si steet um Sommet Enn Juni um Ordre du jour. An do sollen, sou heescht et, da Neel mat Käpp gemaach ginn.

An der Mediathéik:

Europa Aktuell / / Danièle Weber
Lauschteren

Méi zum Thema

Facebook icon
Taxe fir digital Entreprisen

D'EU-Kommissioun presentéiert nei Regele fir d'Besteierung vun Internet-Entreprisen. Betraff sinn nëmme bestëmmten Aktivitéiten. Lëtzebuerg fënnt, et sollt een um Niveau vun der OECD reagéieren.

Finanziministeren.jpg
Steieren

Zënter iwwer engem Joer diskutéieren d'EU-Finanzministeren iwwer eng Schwaarz Lëscht vu Steierparadäiser. Ënner den 20 Länner ass um Enn kee Memberland. D'Lëscht wier net kredibel, soen ONGen.

Pierre Gramegna
Steierpolitik

Wéi eng Konsequenze ginn an der EU iwwert d'Paradise Papers gezunn? D'EU muss méi géint Steier-Evasioun ënnerhuelen, fënnt déi Europäesch Kommissioun. Lëtzebuerg bleift bei senge Positiounen.

Pierre-Gramegna-Eurogroupe-Tallinn
Steierpolitik

Internet-Entreprisë wéi Google a Facebook sollen an der EU an Zukunft op Basis vum Ëmsaz an net vum Profit besteiert ginn. Dofir setzen sech eng Rëtsch EU-Länner an. Lëtzebuerg ass awer skeptesch.

Steierpolitik an Dateschutz
Steierpolitik & Dateschutz

D'Jonk Sozialiste fuerderen d'Aféiere vun enger Steier op digital Donnéeën. Op EU- an OECD-Niveau gouf d'Iddi schonn diskutéiert, mä net zréckbehalen. D'Fro bleift awer aktuell.

steieren suen.jpg
Steierpolitik

Déi blo-rout-gréng Koalitioun ass net bereet op d'Fuerderung vun der CSV anzegoen, an déi sougenannt Stock Options op den 1. Januar 2017 ofzeschafen. De Regime géif den Ament nach analyséiert ginn.

Margrethe Vestager
Steierpolitik

Eng Rei US-Konzerner kréien an der EU reprochéiert, si hätte vu Steier-Rulinge profitéiert. Dat kënnt zu Washington net gutt un. Der Europäescher Unioun gëtt virgehäit, si wier parteiesch.

eu kommissioun berlaymont.jpg
Panama Papers

No de Revelatiounen vu Panama Papers schléit d'EU-Kommissioun vir, grouss Entreprisë misste méi Informatiounen iwwer hir Geschäfter an Europa publizéieren. Kritiker geet dat net wäit genuch. 

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen