arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Besteierung vu groussen Entreprisen: EU waart op OECD

EU-STEIERREFORM

|
reading time

5 min

Besteierung vu groussen Entreprisen: EU waart op OECD

D'Europäesch Kommissioun hëlt en neien Ulaf: Grouss Entreprisë sollen no engem eenheetleche System besteiert ginn. D'Direktiv soll eréischt 2023 kommen, wann een Accord op internationalem Niveau do ass. Lëtzebuerg begréisst dat, sou de Finanzminister Pierre Gramegna.

reading time

5 min

Aus där aler Propose, dem CCCTB, soll elo BEFIT ginn. Béides sinn englesch Ofkierzunge fir am Fong deen nämmlechte Plang: nämlech grouss Entreprisen no engem eenheetleche System ze besteieren.

D'Iddi ass duerchaus ëmstridden an ënner anerem Lëtzebuerg hat sech dogéint gewiert, esou ee System an der EU anzeféieren. Mat Succès, d'Propose läit zanter zéng Joer um Dësch, ouni datt se ëmgesat gouf.

Propose vun 2011 gëtt zeréckgezunn

Zil vun esou enger gemeinsamer Besteierungs-Basis ass et ënner anerem, groussen Entreprisë bei hirem Versuch, sou mann wéi méiglech Steieren ze bezuelen, ee Stréch duerch d'Rechnung ze maachen. Zum Beispill andeems et net méi méiglech wier, hir Beneficer vun engem Land an een anert ze transferéieren a se op deem Wee kënstlech kleng hale kënnen.

Virun allem elo an der Kris, kéinten d'EU-Länner net weider op déi Steier-Recette verzichten, sot den Dënschdeg den EU Wirtschaftskommissär Paolo Gentiloni. "An awer ginn hinnen haut Milliarden wéinst Steier-Evasioun oder Vermeidung verluer".

Well sech den Entourage vun den groussen digitalen Entreprisë staark verännert huet, wier déi al Propose iwwerschafft ginn, de But bleift dee nämmlechten, erkläert den Italiener:

"Befit wäert den administrativen Opwand an d'Këschte reduzéieren genee ewéi d'Méiglechkeeten Steieren ze evitéieren. Et wäert och dofir suergen, datt d'Opdeele vun de Besteierungs-Rechter tëscht de Memberlänner méi fair ass."

OECD Accord schonn am Summer méiglech

Bei hirem neien Ulaf wëllt sech d'Kommissioun op Accorden stäipen, déi nach dëse Summer kéinten um Niveau vun der OECD gemaach ginn. An der Organisatioun fir Entwécklung an Zesummenaarbecht schaffe nämlech grad 139 Länner un enger globaler Reform vun der Besteierung vun Entreprisen. Et koum Beweegung an den Dossier, well d'USA signaliséiert hunn, si wieren op fir een Accord.

Dat bréngt eng nei Dynamik eran, hofft d'Kommissioun. Si gëtt sech awer Zäit, déi nei international Reegelen sollen eréischt 2023 an eng EU-Direktiv gegoss ginn.

Déi geséich da vir, datt Profitter vun Entreprisen an der EU op enger eenzeger Basis ausgerechent ginn. D'Rechter fir d'Besteierung géifen dono engem bestëmmte Schlëssel no op d'Memberstaate verdeelt ginn, wou dann allerdéngs weiderhin déi national Tauxen géife gëllen.

D'Reaktiounen op d'Annonce vun der Kommissioun sinn den Dëschdeg souwuel bei ONGe wéi bei Europadeputéiert positiv ausgefall.

Amazon weist: International Aktivitéite mussen ënnersicht ginn

De Prinzip ze ënnerbannen, datt Entreprisen Beneficer tëscht Filialen hin an hir transferéieren kënnen, wier richteg. Et misst een allerdéngs déi ganz Entreprise mat hire weltwäiten Aktivitéiten dobäi berécksiichtegen, seet den Martin Schirdewan vun "Die Linke".

"Das heißt, dass alle Gewinne und Verluste von allem zu dem Unternehmen gehörenden Bestandteilen erfasst werden. So dass dann auf Grundlage dieser Bilanz verrechnet wird, festgelegt wird, wo welche Anzahl an Steuern anfällt, je nachdem wo die wirtschaftliche Aktivität stattgefunden hat. Das wäre eine faire eine gerechte Lösung."

D'Léisungen, déi op OECD-Niveau diskutéiert ginn, géifen den Entreprisen nach Lächer oploossen, warnt den Däitschen Europadeputéierten.

De Martin Schirdewan weist och op de Fall Amazon an op d'Urteel vum Europäesche Geriichtshaff vun där leschter Woch hin. De Riichter no huet de Konzern legal gehandelt a muss der Lëtzebuerger Regierung keng Steieren nobezuelen. Eppes wat déi Europäesch Kommissioun anescht gesinn hat.

Déi Lénk haten eng Etude iwwert Amazon an Optrag ginn, déi weist, dat et grad déi international Aktivitéite sinn, déi et dem Multi erlaben, Verloschter steierlech auszenotzen.

"Die Wissenschaftler von der City University of London haben das internationale Muster von Amazon vorgestellt. Da muss man drauf kucken. Wenn man nur auf die Luxemburger Tochgesellschaften blickt, kommt man offensichtlich nicht viel weiter, weil man die globale Steuervermeidungsstrategie von Amazon nicht im Auge behält."

Gramegna: Reegelen mussen iwwerall gëllen

Ob nei EU-Reegelen d'Behuelen vun Google, Amazon oder Apple veränneren, ass nach net eraus. D'Ambiance an der EU wier elo méi positiv par Rapport zu esou enger Direktive, dovun ass de Paolo Gentiloni iwwerzeegt.

"Wa mer ee globalen Accord hunn, dann ass et och méiglech, deen op EU-Niveau ëmsetzen", sou den Paolo Gentiloni.

Allerdéngs gëtt um Enn, wéi ëmmer a Steierfroen, an der EU Unanimitéit gebraucht an do kënnt et zum Beispill op Lëtzebuerg un. D'Regierung wier "voll derbäi", hie géif perséinlech den Dossier "24 Stonnen op 24" suivéieren, sot en Dënschdeg de Pierre Gramegna an der Chamber. De Lëtzebuerger Finanzminister huet op en Neits op den "level playing field" gepocht an dorop, wéi wichteg et wier, datt nei Reegelen fir Entreprisen net nëmmen an der EU gëllen dierfen.

"Dat wat mir als Lëtzebuerg mussen erreechen, datt ass datt déi nei Reegelen op OECD Niveau, datt déi iwwerall gëllen, datt mir den Entreprisen, déi sech zu Lëtzebuerg usidelen, e Kader bidden, wou se sech kënnen entfalen."

Nach 2021: Nei Reegelen fir Bréifboîte-Entreprisen

Déi nei Befit-Direktiv wier eréischt fir 2023. Méi kuerzfristeg huet d'EU-Kommissioun allerdéngs eppes geplangt, mat deem sech d'Lëtzebuerger Regierung och befaasse wäert. Bréissel wëllt sech nämlech déi sou genannte Bréif-Boîte-Entreprisen virknäppen.

Fir géint Abusen virzegoen, solle si duerch nei Reegelen virgeschriwwe kréien, méi Informatiounen iwwert hir Aktivitéiten un d'Autoritéite virunzeginn. Detailer iwwert déi Direktiv feelen nach. Enn des Joers soll déi Propos um Dësch leien.