Chamberwahlen 2018 "Besser an der Chamber schaffen"

D'ADR an d'Piratepartei hunn ofgemaach, fir déi nächst fënnef Joer een technesche Grupp an der Chamber ze forméieren. Et géif dorëm goen, d'Aarbecht an der Chamber ze optiméieren. Dësen technesche Grupp géif keng politesch Zesummenaarbecht bedeiten: ADR a Pirate géifen hir voll politesch Onofhängegkeet behalen, heescht et am gemeinsame Communiqué.

Serge Kesseler / cbi

Gast Gibéryen - Sven Clement

Duerch den technesche Grupp wier een definitiv an der Presidentekonferenz an der Chamber vertrueden an et hätt ee méi Suen zur Verfügung, esou de Gast Gibéryen. "Et ass een technesche Grupp, et ass kee politesche Grupp. Et ass also reng um organisatoresche Plang", ënnersträicht den ADR-Deputéierten. "Politesch bleift jiddweree fir sech Independant".

Grad wéi e Groupe politique an der Chamber muss och e Groupe technique op d'mannst fënnef Memberen hunn. ADR a Piraten hunn zesumme sechs Deputéiert. De Coordinateur vun engem technesche Grupp huet de selwechte Statut wéi de Fraktiounspresident.

A Presidentekonferenz a SREL-Kontrollkommissioun vertrueden

D'ADR assuréiert dës Koordinatioun fir déi éischt 40 Méint an d'Pirate fir déi 20 Méint duerno. Den Deputéierte vun der Piratepartei Sven Clement erkläert, datt et drëms géif goe besser ze schaffen an der Chamber a fir e besseren Accès an de jeeweilege Kommissiounen ze hunn.

Duerch d'Zesummenaarbecht wier een och an der Geheimdéngscht-Kontrollkommissioun vertrueden: "Eppes wat sech programmatesch fir eis als ganz interessant erwisen huet", esou den Deputéierte vun der Piratepartei.

Eng politesch Zesummenaarbecht tëschent ADR a Piratepartei géif net ugeduecht ginn, seet och de President vun der Piratepartei Sven Clement. D'Initiativ fir den technesche Grupp ze forméieren ass vun der ADR ausgaangen. Anescht wéi 2009 an 2013 huet d'ADR dës Kéier déi Lénk net kontaktéiert fir esou eng Zesummenaarbecht, esou de Moien den Deputéierte Marc Baum op eis Nofro hin.


De Serge Kesseler am Panorama, Freideg de 16. November um 12 Auer:

Lauschteren

Méi zum Thema

Nicolas Schmit
Koalitiounsverhandlungen

Wann d'LSAP den nächste Lëtzebuerger EU-Kommissär ka stellen, wëllt den Nicolas Schmit fir dëse Poste kandidéieren. Hie wéilt dann och LSAP-Spëtzekandidat bei den "extrem wichtegen" Europawahle ginn.

Marc Goergen
Chamberwahlen 2018

Tëscht DP an LSAP situéiert de Marc Goergen seng Partei am politesche Spektrum. Mat engem Akzent op Ëmweltthemen. D'Pirate wéilten - anescht wéi déi gréng - Ureizer ginn an net Verbueter schafen.

Philippe Poirier
Chamberwahlen 2018

D'LSAP an d'CSV hätte bei dëse Wahle Stëmme verluer wéinst engem strukturelle Problem vum Elektorat. Dat seet de Politolog Philippe Poirier. Déi politesch sozialistesch a chrëschtlech-sozial Kulturen wiere mëttlerweil méi kleng ginn.

Programm

Praktesch Infoen

  • Nei Serie: Wellbeing

    Wellbeing

    Bleift gesond a monter zesumme mam 100,7. An eiser neier Serie "Wellbeing" wëlle mir Iech an dësen Zäite mat wäertvollen Informatiounen a Rotschléi begleeden. 

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen