Regioun Oristano Bëschbränn a Sardinien

Zanter dräi Deeg brennt et op Sardinien - déi iwwer 7.500 Pompjeeën hunn d'Bränn am Weste vun der Insel bis elo net ënner Kontroll. Haut wäerte fir d'éischt Pompjeeë vu Korsika op d'Nopeschinsel fueren. Och wa kéng Mënscheliewen dem Feier zum Affer gefall sinn: iwwer 20.000 Hektar sinn doduercher zerstéiert ginn. Och den Tourismus kéint dorunner leiden. Et gëtt mëttlerweil geschat, datt et déi schlëmmste Bränn op Sardinien zanter knapp 40 Joer sinn.

Marine Clément, Léonardo Kahn (Sardinien) / cbi

Bëschbränn a Sardinien
Iwwer 20.000 Hektar kéinte bei de Bëschbränn zerstéiert sinn. Foto: Marine Clément-Colson

Lauschteren


D'Loft am Weste vu Sardinie richt verbrannt. An der Regioun Oristano ass e Feier ausgebrach, deen do e Groussdeel vun den Olivëplantatiounen zerstéiert, an deem knapp 500 Déieren zum Affer gefall sinn.

Eng Awunnerin aus Culgieri erzielt, hir d'Haus wier vum Feier verschount bliwwen. "Ech hat Chance", seet si, mee si géif un déi Leit denken, déi alles verluer hätten. D'Leit vu Sardinie géifen dat iwwerstoen, mee d'Zäite wiere rau, seet si. Wéinst der Corona-Pandemie wier d'Land schonn an der Kris gewiescht.

D'Tourismus-Branche mécht op der italienescher Insel siwe Prozent vum PIB aus - se ass no der Agrikultur de wichtegsten ekonomesche Moteur. Zanter de Bränn huet d'Majoritéit vun den Touristen d'Regioun Oristano verlooss.

D'Feier breet sech duerch e staarke Loftstroum vun der Sahara-Wüüst vun de Bierger a Richtung Küst aus. D'Pompjeeë krute véier Läschfligere vu Frankräich a Griicheland zur Verfügung gestallt, fir d'Bränn méiglech séier ënner Kontroll ze kréien. Duerch de Mistral-Loftstroum aus dem Norde kéint sech d'Ausbreedung vum Féier awer weider acceleréieren.

Méi zum Thema

Bëschbrand
Pompjeeën

An de leschte Woche gouf et eng Dose Flächebränn zu Lëtzebuerg, gréisser Bëschbränn wier et rezent nach keng ginn, esou de Christopher Schuh. Lëtzebuerg wier gutt op grouss Bëschbränn virbereet.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen