25 Joer radio 100,7 - 25 Joer Lëtzebuerg "Beonrouegend Situatioun"

D'EBU, Unioun vun den ëffentlech-rechtleche Medien an Europa bedauert, datt d'Regierung de Froe ronderëm d'Onofhängegkeet vum radio 100,7 keng Prioritéit gëtt. De gudde Fonctionnement vun de Medien wier essentiell an enger Demokratie, sou den EBU-Responsabelen Giacomo Mazzone.

Christiane Kleer / cz

Giacomo Mazzone
Giacomo Mazzone (Foto: Youtube Channel eutelsattvawards)

100,7-Informatiounen no huet de Premierminister Xavier Bettel an Tëschenzäit op de Bréif vun der EBU reagéiert. An engem eegene Schreiwes seet hien, hie wier bereet d'EBU an d'Gespréicher iwwer eng eventuell Reform anzebannen. Detailer nennt hie keng. De Bréif vum Premier war zum Zäitpunkt vun eisem Gepréich mam Giacomo Mazzone, dat e Méindeg opgeholl gouf, nach net bei der EBU ukomm.

Um Wahlsonndeg kuerz no zwou Auer huet d'Unioun vun den ëffentlech-rechtleche Radio- an Tëlees-Senderen (EBU) de Bréif un de Premier- a Medieminister Xavier Bettel fortgeschéckt. Natierlech hätt d'Politik deen Ament aner Saachen am Kapp gehat, sou den Giacomo Mazzone, dee bei der EBU Responsabel fir d'Relatioun mat de Memberen ass. Trotzdeem hätt een, nodeems keng Réckmeldung koum, séier decidéiert ee Schrëtt méi wäit ze goen:

"Après dix jours d'attente on l'a publié sur notre site, pour signaler qu'on était inquiet d'un certain nombre d'évènements qui s'étaient passés au Luxembourg, d'un certain nombre de mauvais signes pour la santé du service public."

Am Bréif weist d'EBU op Problemer bei der Gouvernance an dem Finanzement vum radio 100,7 hin. De Radio wier automatesch politesch ofhängeg well eleng d'Regierung déi néng Membere vum Verwaltungsrot nennt an de Budget definéiert. Suergen, déi am Abrëll dëst Joer och schonn an engem EBU- Experten-Rapport geäussert goufen. De Risk, deen doduerch kéint entstoen, resuméiert den Giacomo Mazzone esou:

"Si le gouvernement n'aime pas ce que fait la radio, il peut s'en prendre au budget. Si le gouvernement n'aime pas les dirigeants de la radio, il peut nommer dans le board des gens qui vont essayer de contrer l'action du dirigeant."

Aussergewéinlech Prozedur

Ob dat am Fall vum radio 100,7 geschitt wier, wëllt den Giacomo Mazzone net kommentéieren. Den demissionären Direkter vum dësem Radio huet sengersäits géintiwwer RTL erkläert, hien hätt kee Vertraue méi vu sengem Haaptaktionär, dem Staat gehat.

Een Dag no der Verëffentlechung vum EBU-Bréif sot de Premier Xavier Bettel viru Journalisten, eng méiglech Reform vum radio 100,7 wier eréischt no de Koalitiounsverhandlungen een Thema - wëllt heeschen: net prioritär. Fir den Giacomo Mazzone vun der EBU ass dat ee Feeler. De Fonctionnement vun de Medie wier essentiell fir all Demokratie.

D'EBU zielt den Ament 73 Memberen, an der EU an doriwwer eraus. Bréiwer wéi deen un de Xavier Bettel ginn am Joer eng 10 bis 15 erausgeschéckt, sou den Giacomo Mazzone. Länner wéi Lëtzebuerg wieren dovun awer net dacks betraff.

Gewéinlech géife Bréiwer u Länner baussen der EU geschéckt. Lëtzebuerg wier een vun zwee EU-Staaten deenen d'EBU dëst Joer esou ee Bréif geschéckt hätt.

ALIA stäerken

D'EBU proposéiert der Regierung seng Hëllef, wann et drëm geet een neie Gouvernance- a Finanzéierungsmodell fir de radio 100,7 auszeschaffen. Den Giacomo Mazzone weist awer drop hin, datt och den Europarot hei ee gudden Uspriechpartner kéint sinn. Wéi ee Modell fir de Lëtzebuerger ëffentlech-rechtleche Radio dee richtege wier, kéint hien net soen, sou den Giacomo Mazzone. Essentiell wier awer, datt d'Medienautoritéit ALIA an deem Kontext méi Pouvoire géif kréien.

"L'autorité de contrôle chez vous n'est pas comparable aux autorités qui existent dans d'autres pays. Le CSA en France par exemple assure l'indépendance entre le gouvernement et la radio ou télévision publique. C'est eux qui nomment les dirigeants de ces entreprises, c'est eux qui fixent les critères. Chez vous, il n'y a pas cette séparation. Et ça c'est risqué."

Datt dat internt Reglement vun dësem Radio virgesäit, datt de President vum Verwaltungsrot kann den Interim vun der Direktioun am Fall vun enger Demissioun iwwerhuelen - also aktuell de Laurent Loschetter, dee sech als Vertrauensmann vum Premier ausgëtt - kommentéiert den Giacomo Mazzone mat engem Wuert: "anormal".

De Laurent Loschetter hat iwwerdeems d'lescht Woch géintiwwer Paperjam gesot, hien hätt weder d'Zäit nach d'Energie fir den Interim ze assuréieren.


De Panorama-Bäitrag vum Christiane Kleer:

Lauschteren

Méi zum Thema

Gebai vum radio 100,7
European Broadcasting Union

De momentane System vun der Gouvernance an der Finanzéierung vum radio 100,7 wier net am Aklang mat den internationale best practice Standarden. Dat schreift d'EBU an engem Bréif un de Xavier Bettel.

Gebai vum radio 100,7
Radio 100,7

De radio 100,7 brauch een neit Gesetz, soen europäesch Experten. Dat weisen awer och problematesch Entwécklungen um Enn vun dëser Legislaturperiod. Eng Mediechronik vun der Chefredaktioun.

radio 100,7
Peer Review

De radio 100,7 huet sech vun der "Union Européenne de Radio-Télévision" (EBU) ënnert d'Lupp huele gelooss. An enger "Peer Review" hunn Experte de radio 100,7 ënnersicht a Recommandatioune gemaach.

Laurent-Loschetter.jpg
Medien

De Laurent Loschetter ass neie President vum Verwaltungsrot vum radio 100,7. D'Propos vum Xavier Bettel gouf e Freideg am Regierungsrot ugeholl. Am Verwaltungsrot gëtt et och nach e weidert Changement.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen