arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Belsch: Hoffnung op de Summer

Belsch

|
reading time

3 min

Belsch: Hoffnung op de Summer

Den 9. Juni koum et zu enger ganzer Partie Ouverturen an der Belsch, nodeems d'Land d'Impfvitesse erhéicht hat an e positiven Trend an de Spideeler ze gesi war. Esou guer Museksfestival wiere vu Mëtt August u méiglech, esou de Premierminister.

reading time

3 min

60 Prozent vun der Belscher Populatioun iwwer 18 Joer huet mëttlerweil op d'mannst eng éischt Dosis vun engem Impfstoff géint de Covid-19 kritt. Manner wéi 750 Patiente sinn nach an der Klinik. Domat waren all Bedingungen erfëllt, fir datt déi meeschte Restriktioune konnten opgehuewe ginn.

Belsch impft am séiersten an Europa

D'Belsch huet sech an de leschte Wochen op déi éischte Plaz an Europa gehuewe wat d'Vaccinatiounsvitesse ugeet, virun Holland a Lëtzebuerg.

An dat trotz relativ chaotesche Liwwerungen, speziell wat AstraZeneca a Johnson&Johnson ugeet. En plus musse jo 17 Milliounen Dosen vum amerikanesche Medikament an Europa zerstéiert ginn, nodeems datt si mat dem Produkt vun AstraZeneca kontaminéiert goufen. Dat wäert an der Belsch e Retard vu bis zu 3 Woche provozéieren.

Op regionalem Niveau hat d'Wallonie wärend e puer Wochen d'Nues vir an der Impfcampagne, e Retard dee Flanderen elo opgeholl huet.

Flanderen an d'Wallonie hu respektiv 62 an 61 Prozent vun hirer erwuessener Bevëlkerung geimpft, zu Bréissel sinn et nëmme 44 Prozent. Dat erkläert sech deelweis doduerch, datt vill Leit op Bréissel schaffe ginn a sech och do impfe loossen, mee d'Statistiken huelen nëmmen d'Regioun vum offizielle Wunnsëtz mat a Kaaf. Eng aner Ursaach ass sécher och d'Sproochebarrière, déi d'Informatioun méi schwéier zougänglech mécht.

Gefaart gëtt awer, datt zu Bréissel an an der Wallonie keen esou en héijen Impftaux wéi a Flandere kann erreecht ginn. De franséischsproochegen Deel vum Land wier effektiv méi sensibel fir komplottistesch Theorië wéi se méi a Frankräich zirkuléieren.

Zuelen erlaben Ouverture, "bulle sociale" bleift

Manner wéi 750 Patiente sinn nach an der Klinik, dovu manner wéi 300 op enger Intensivstatioun. Nei Admissioune ginn et der circa 50 pro Dag, e Wäert deen zanter Mëtt September net méi esou déif war. An der leschter Woch sinn awer nach am Duerchschnëtt knapps 10 Persoune pro Dag un de Folge vun der Krankheet gestuerwen, wat den Total op 25.000 Doudeger bréngt.

Leschte Mëttwoch, den 9. Juni, war an engem gewëssene Sënn den Dag vun der Befreiung. Restauranten a Caféen dierfen elo och bannen opmaachen, an dat bis 23:30. D'Amateursportsaktivitéite sinn erëm erlaabt, an et muss een net méi iwwerall an de Stied e Mask droen. Och Fitnesssäll, Saunaen a Kinoe maachen erëm op. Professionell Kultur- a Sportévénementer kënne bis zu 200 Leit bannen, a 400 bausse versammelen. Allerdéngs bleift d'Konzept vun der "bulle sociale" weiderhin erhalen, an et dierf een net méi ewéi 4 Leit doheem empfänken. Déi Zuel geet op 10 erop wann een dobaussen ass, an do zielen d'Kanner ënner 12 Joer net mat.

Den Télétravail bleift d'Reegel, mee vun elo un gëtt een Dag pro Woch um Büro toleréiert. A schlussendlech gëtt och den Zapestreech ofgeschaaft an duerch e Versammlungsvebuet nuets ersat.

Momentan loossen d'Reegelen nach keng Versammlunge vu méi ewéi 400 Leit zou. Fir e Museksfestival ass dat natierlech net machbar. Allerdéngs wier dat vu Mëtt August un méiglech, hat de Premierminister Alexander de Croo annoncéiert. Fir dobäi ze sinn, ouni Mask an Distanz, misst een eng Impfung oder en negativen Test kënne virleeën. D'Festivallen Tomorrowland, Pukkelpop oder nach Esperanzah kéinten dovu profitéieren. Anerer wéi Dour, Werchter, Graspop, Brussels Summer Festival oder nach Couleur Café sinn op 2022 verréckelt.