De Statistike no ass a kengem Land op der Welt de Mortalitéitstaux, gemooss un der Zuel vun den Awunner, esou héich wéi an eisem Nopeschland. Bis elo sinn iwwer 7.500 Leit u Covid-19 gestuerwen, 53 Prozent dovun an engem Altersheem.
D'Zuele wieren och dowéinst esou héich, well an der Belsch méi "éierlech" an "transparent" gezielt géif, esou d'Erklärung vun offizieller Säit. Wat ass do drun? Gouf sech net genuch ëm déi al Leit bekëmmert?
Et gëtt net iwwerall d'nämmlecht gezielt. Fir d'Situatioun richteg anzeschätzen, muss een op verschidde Krittäre kucken, seet dowéinst een Expert vum Europäeschen Zentrum fir Krankheets-Preventioun a Kontroll (ECDC).
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.