Drogepolitik Belaascht de Cannabis-Konsum eis Gesondheetssystemer?

De Konsum vu Cannabis belaascht eis Gesondheetssystemer, dat huet den UN-Büro fir Drogen- a Kriminalitéitsbekämpfung Ufanks der Woch an engem Rapport ënnerstrach. Ronn 30 Prozent vun den Drogentherapien an der EU wieren aktuell op de Cannabis-Konsum zeréckzeféieren. Wéi ass d'Situatioun zu Lëtzebuerg?

Marlène Clement / cbi

Cannabis
Symbolbild. Foto: Bigstock / cendeced (Archiv)

D'Consommatioun vu Cannabis sollt ee weder verdäiwelen nach banaliséieren, mengt de Carlos Paulos vu "Pipapo", enger Initiativ, déi Jonker iwwer de Konsum vun Drogen opkläert.

D'Angscht viru Cannabis misst een natierlech seriö huelen, "et ass eng Drog wéi all déi aner och", seet de Responsabele vu "Pipapo". Cannabis géif awer consomméiert ginn an d'Leit géifen eng Legaliséierung revendiquéieren.

De Carlos Paulos begréisst et deemno, datt Cannabis fir den eegene Bedarf legaliséiert gëtt - dat wier ee Schrëtt an déi richteg Richtung.

Et géif drëm goen Tabuen ze briechen amplaz ewechzekucken. Dat sollt dann och mat enger gewësser Koherenz geschéien, betount de Carlos Paulos:

"Am Moment ass et verbueden, et kann ee geklaakt ginn, wann een erwëscht gëtt. Heiansdo gëtt awer mol een Aen zougedréckt, wat jo och gutt ass, wann ee Versteesdemech do ass, mee dat ass awer keng Garantie. All déi Inkoherenzen, déi maachen déi pedagogesch an erzéieresch Aarbecht ebe méi schwéier."

Cannabis gëtt vill gemëscht

De Carlos Paulos mengt net, datt et een direkte Lien tëscht dem Cannabis-Konsum an enger zousätzlecher Belaaschtung vun eise Gesondheetssystemer gëtt. Hei géife méi Faktore matspillen, ewéi zum Beispill d'Frequenz vum Konsum.

Wichteg wier een Aen op d'Qualitéit vum Cannabis ze halen: déi lescht zwee Joer hätt ee festgestallt, datt Cannabis mat engem erhéichten THC-Taux um Marché opgedaucht wier, deen och mat syntheetesche Cannabinoide gemëscht ginn ass.

"D'Konsumente wëssen dat net, si kréien dat als normalen THC-Cannabis verkaaft. An den erhéichte Risiko ass, datt d'Potentialitéit vun dëse Molekülle ganz anescht ass ewéi den natierleche Cannabis."

Duerch dës Inconnu wéisst en net genee, wéi een et doséiere soll. Dat géif da séier zu onerwënschten Niewewierkunge wéi Iwwerdosissen a Malaise bei de Konsumente féieren.

(Ze) staark Doséierunge vun THC

Nieft de syntheetesche Cannabinoide géif sech och eng ëmmer méi héich Konzentratioun vum Haaptwierkstoff Tetrahydrocannabinol bemierkbar maachen duerch Iwwerziichtungen a Kräizunge fir den THC-Gehalt bewosst eropzedrécken.

Dat kéint ee mat enger klorer Reglementatioun evitéieren, seet de Carlos Paulos vu Pipapo.

De leschten Zuele vum UN-Büro fir Drogen- a Kriminalitéitsbekämpfung no hätte bal 4 Prozent vun der Weltbevëlkerung am Alter vu 15-64 Joer am Joer 2019 op d'mannst eemol Cannabis consomméiert. Dat sinn ongeféier 200 Millioune Mënschen.

Cannabis ass domat nach ëmmer déi Drog déi weltwäit am meeschte consomméiert gëtt.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Marlène Clement
Lauschteren

Méi zum Thema

Fixerstuff a Portugal
Progressiv Legislatioun

Portugal huet viru 25 Joer ee fortschrëttleche Wee an der Drogepolitik ageschloen, mat impressionnante Resultater. D'Grënn fir dës progressiv Legislatioun leien an der rezenter Geschicht.

Carlos Paulos
Drogepolitik

Der Regierung hir Propos fir véier Cannabis-Planzen doheem dierfen unzebauen, wier e Schrëtt an déi richteg Richtung, seet de Carlos Paulos. Hien ass Responsabel fir d'Initiativ Pipapo, déi Jonker iwwer de Konsum vun Drogen opkläert.

Net verpassen

Programm

  • Notturno

  • On air

    De Weekend

    • Liewe fir de Veräin

  • Noriichten

  • Grousse Kino

  • Panorama

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen