Brexit-Vott zu London Bedaueren, mee keng nei Offeren

Dat britescht Parlament huet also ganz däitlech Nee zu deem Brexit-Accord gesot, deen tëschent Bréissel a London ausgehandelt gouf. Wéi gouf zu Bréissel op dëse Vott reagéiert?

Danièle Weber / cbi

Analys Danièle Weber
D'Danièle Weber ass 100,7-Korrespondentin zu Bréissel. Foto: Archiv / Elke Weber.

Iwwer dee Vott gouf nach gëschter Owend als alleréischt ee grousst Bedaueren ausgedréckt. Zum Beispill vum Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker. Hien huet an engem Statement nach eng Kéier betount, wéi wichteg a richteg dee Brexit-Deal ass, deen ee mat vill Méi an Asaz mat London zwee Joer laang verhandelt huet.

"Mir hu Kreativitéit a Flexibilitéit iwwer dee ganze Prozess gewisen, och andeems mir weider Clarifikatiounen offréiert hunn", sou de Jean-Claude Juncker. Hien huet Groussbritannien opgeruff, sou séier wéi méiglech ze klären, wat d'Land elo ze maache gedenkt.

London ass um Zuch

Am Europaparlament koum direkt nom Vott de Brexit-Steering group zesumme mam Chef-Negociateur Michel Barnier. "Groussbritannie soll eis soen, wat déi nächst Schrëtt sinn. Mir, d'EU, si weider determinéiert, een Accord ze fannen", sou de Michel Barnier.

De Ball ass am Camps vu Groussbritannien, dat ass de klore Message, dee vu Bréissel op London geschéckt gëtt. Bis elo gëtt et keng konkret Unzeechen dofir, datt d'EU prett ass, Groussbritannien an iergend enger Form entgéintzekommen.

Et gëtt verschidden Zeenarien, wéi Neiwahlen oder ee Verleeë vum Brexit-Datum. Wat seet d'EU dozou?


Reaktiounen zum Vott am britesche Parlament:

Lauschteren


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

An der Mediathéik:

Europa Aktuell / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

Brexit
Brexit

Le chemin s'annonce difficile pour Theresa May lors de la reprise des débats sur le Brexit. Que s'est-il passé depuis la reprise, quelle est l'ambiance, et quelles sont les prochaines étapes à venir ?

Nordirland
Brexit

Den 29. Mäerz soll Groussbritannien aus der EU austrieden. Nach ëmmer gëtt et keen Accord, wéi dat genee soll fonctionnéieren. Op der nordirescher Grenz hunn d'Leit eng ënnerschiddlech Meenung.

Jean-Claude Juncker an Theresa May
Brexit

Ob d'Deklaratioune vum EU-Sommet duerginn, fir datt am Januar eng Majoritéit zu London fir de Brexit-Accord stëmmt, ass ongewëss. Et lafen ëmmer méi konkret Preparatioune fir en No-Deal.

Jean-Claude Juncker
EU-Sommet

D'EU geet ee klenge Schratt op d'Theresa May zou. Um EU-Sommet krut déi britesch Premierministesch zougeséchert, datt déi extra Reegele fir déi nordiresch Grenz wa méiglech sollen evitéiert ginn.

Brexit Analys
Brexit

Le vote sur le Brexit a été décalé, Theresa May se rend compte que l'opposition est contre elle. La Première Ministre va retourner à Bruxelles pour tenter de renégocier l'accord de retrait.

D'Theresa May de 4. Dezember
Brexit

Les débats sur le Brexit ont commencé en début de semaine au parlement britannique. Une semaine compliquée et d'autres débats à venir avant le vote mardi 11 décembre. Mais le chemin d'ici là est difficile.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen