Wéinst groussen Abousse bei der Recolte Bauerenallianz fuerdert Agrarsommet

D'Landwirtschaft hätt enorm gelidden un der Dréchent an un de Konsequenze vum Krich an der Ukrain, schreift d'Bauerenallianz an engem Communiqué. Si huet d'Regierung dréngend gefrot, am Hierscht en Agrarsommet anzeberuffen.

pre / cz

Dréchent
Foto: Bigstock

Zanter dem Fréijoer hätt et net méi vill gereent. Quasi all d'Kulturen hätten dowéinst staark gelidden an et géif bedeitend Ausfäll gi bei der Recolte. D'Gras wär net méi nogewuess, dofir wär dëst Joer kee Schnëtt méi méiglech. An de Mais wier elo op ville Felder verdréchent, sou d'Bauerenallianz. Vill Bauere géifen dowéinst am Wanter Enkpäss beim Fudder kréien. A well d'Wieder an der Groussregioun änlech war ewéi hei, wier et och schwéier, Fudder bäi ze kafen.

Iwwer d'Ausriichtung vun der Landwirtschaft diskutéieren

Zum Krich an der Ukrain schreift d'Bauerenallianz: Och d'Agrarmäert wiere komplett aus der Bunn geroden. Et wier onverständlech an onverantwortlech, datt westlech Politiker därmoosse staark an d'Ofhängegkeet vu russescher Energie gerode sinn.

Um Agrarsommet, deen d'Bauerenallianz fuerdert, misst och iwwert déi allgemeng Ausriichtung vun der Landwirtschaft diskutéiert ginn, heescht et nach. Den Ament géif hannert de Kulissen definéiert gi wat d'Landwirtschaft an Zukunft nach produzéiere soll oder däerf.

Weider Theemen: Nitrater, Ammoniak-Emissiounen an Importer

D'Bauerenallianz freet an deem Kontext ënnert anerem, wéi déi nei Reegelen iwwert den Asaz vun Nitrater an der Praxis wäerten ausgesinn; wéi d'Ziler vun den Ammoniak-Emissiounen an der Landwirtschaft wäerte festgeluecht ginn; a wéi Importer vu Liewensmëttel aus der EU an aus dem Rescht vun der Welt, och wat d'CO2 Emissiounen ugeet, wäerte bewäert ginn.

Méi zum Thema

Ern Schumacher
Hëllef gesicht fir Drauwelies op der Musel

D'Drauwelies soll Ufank September ugoen. Da ginn op der Musel eng 1.000 Leit gebraucht fir ze hëllefen. "Et ass awer schwéier déi ze fannen", seet den Ern Schumacher vun den onofhängege Wënzer.

Schof
Ëmwelt

Op zéng Plazen am Minett ginn amplaz vu Maschinnen, Schof op Terraine gelooss, fir dës ze beweeden. Wéinst dem Wierder dëst Joer kënnen d'Déieren awer net sou laang wéi gewinnt op de Wise bleiwen.

Programm

  • Noriichten

  • On air

    Resonanzen

  • Den Nomëtteg

  • Noriichten

  • Kultur um 5

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen