Corona-Epidemie Baisse vun der Virus-Konzentratioun am Ofwaasser
D'Konzentratioun vum Coronavirus am Ofwaasser ass Enn leschter Woch erofgaangen - bleift awer global op engem héijen Niveau. Dat geet aus dem neiste Rapport vum Lëtzebuerger Institut fir Wëssenschaft an Technik, LIST, ervir.
D'Konzentratioun vum Coronavirus-Genmaterial gëtt zanter dem Ufank vun der Pandemie reegelméisseg an de Kläranlage gemooss - hei geet et also ëm Iwwerreschter vum Virus, déi net méi infektiéis sinn.
Dësen Indicateur entwéckelt sech gewéinlech parallel zu de gemellten Neiinfektiounen a léisst also Réckschlëss op den allgemengen Trend vun der Epidemie-Entwécklung zou.
Déi neiste Moossunge si vun Enn leschter Woch. An hei ass et déi éischte Kéier zanter dem Ufank vun der zweeter Infektiounswell op d'Land als Ganzt gekuckt ee Réckgank vun der Virus-Konzentratioun am Ofwaasser.
Geographesch Ënnerscheeder
Den Trend ass net iwwerall am Land dee selwechten. Deemno weise siwe Miess-Statiounen eng Baisse vun der Virus-Konzentratioun, dorënner déi dräi gréisste Kläranlage vu Beggen, Schëffleng a Péiteng.
Eng Hausse gouf et op sechs Plazen, notamment op der Bleesbréck, zu Hesper an zu Iwwersiren.
Wäerter bleiwe "ganz héich"
Wéi de LIST a senger Analys bemierkt, bleiwen d'Wäerter trotzdeem an alle Kläranlagen am Verglach zu de Phasen, wou et manner Infektioune gouf, ganz héich.
D'Ofwaasserwäerter waren zanter Mëtt Oktober staark geklommen, an haten op d'ganzt Land gekuckt virun enger gudder Woch ee Pic erreecht, dee véier Mol iwwer de Wäerter vun der éischter Infektiounswell am Mäerz-Abrëll louch.