arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Baden-Württemberg: gréng-schwaarz Koalitioun och op nationalem Plang?

Däitschland

|
reading time

3 min

Baden-Württemberg: gréng-schwaarz Koalitioun och op nationalem Plang?

Knapp dräi Wochen no der Landtagswal am däitsche Baden-Württemberg, huet déi gréng Regierungspartei sech elo fir eng weider Zesummenaarbecht mam aktuelle Partner CDU decidéiert. D'SPD hat op eng Ampelkoalitioun gehofft a wéist sech enttäuscht. D'Entscheedung ass och e wichtegt Signal mat Bléck op d'Bundestagswal am September, mengt de Max Tholl.

reading time

3 min

Als "e schlechten Abrëllsgeck" hunn déi jonk Gréng a Baden-Württemberg d'Entscheedung vun hirer Partei gëschter bezeechent weiderhi mat der Unioun ze koaléieren. Et goufen hefteg intern Diskussiounen doriwwer, ob een dann elo un der gréng-schwaarzer Konstellatioun géif festhalen, oder vläicht awer eng Ampelkoalitioun mat der SPD an FDP wot.

An enger éischter Ronn gëschter Moie war ee sech bei de Gréngen doriwwer net eens ginn, wéineg méi spéit huet sech den Ministerpresident Winfried Kretschmann awer duerchgesat a wäert muer e Sondéierungsgespréich mat der CDU féieren.

Decisioun kënnt net gutt un

Bei de Jonken an dem lénke Parteifligel vun de Grénge kann een net novollzéien, datt een elo trotz aneren Optiounen un der Zesummenaarbecht mat der CDU wëllt festhalen. Well déi war an de leschte Joren net ëmmer zefriddestellend.

Déi gréng Landesspëtzt hat d'Unioun a punkto Klimapolitik als "Klotz am Bein" bezeechent. Déi aner Optioun wier eng Zesummenaarbecht mat der SPD an FDP gewiescht an op d'mannst mat de Sozialdemokrate ginn et däitlech méi inhaltlech Iwwerschneidungen.

Ee Signal fir am September

Datt et elo net zum Ampelbündnis kënnt iergert d'SPD, déi d'Entscheedung vun de Gréngen als ee feigt Weider-sou bezeechent huet. De Generalsekretär Lars Klingbeil sot, et wier eng kloer Entscheedung géint den Opbroch, an dat géif och fir d'Bundestagswal am September hänke bléiwen.

Well d'Entwécklungen am Ländle sinn e wichtegt Signal fir d'Bundespolitik. Hei wéist sech nämlech eng ganz änlech Situatioun. Sondagen no kommen déi Gréng bis op e puer Prozentpunkten un d'Unioun erun, déi zanter Januar den Negativtrend net stoppe kann an zanterhier schonn 11 Prozentpunkte verluer huet.

D'SPD kann och net wierklech zouleeën, an sou bleiwen eng schwaarz-gréng oder eben eng Ampelkoalitioun momentan déi zwou warscheinlechst Optiounen no der Bundestagswal. Bei der SPD hat ee gehofft, datt déi Gréng sech elo a Baden-Württemberg fir dës Konstellatioun géifen decidéieren, an domadder en Zeeche setzen.

Koalitiounen ouni d'Unioun

Besonnesch well virun dräi Wochen och a Rheinland-Pfalz gewielt gouf, an déi bestoend Ampelkoalitioun hei nees mat groussem Support votéiert gouf. No dëser Victoire vun der Malu Dreyer hat den SPD-Chef Norbert Walter-Borjans gesot, et hätt verdäitlecht, datt et duerchaus Majoritéiten ouni d'Unioun ka ginn.

Fir déi Gréng heescht dat virun allem, datt ee sech an den nächste Méint eenege muss, mat wiem een am léifste géif zesummeschaffen. Well och op nationalem Plang ass ee sech hei guer net eens an der grénger Partei. Dësen Zwiispalt ass méi wéi eng reng Fro nom Koalitiounspartner, et ass och eng richtungsweisend Entscheedung doriwwer, wou déi Gréng sech selwer um politesche Spektrum positionéieren.