Corona-Kris Ausseruerdentlech Pressehëllef
Den 20. Abrëll haten eng Rei Editeuren mat engem Bréif un d'Regierung Ënnerstëtzung wéinst de Konsequenze vun der Corona-Pandemie gefrot. Dës Woch huet d'Regierung eng ausseruerdentlech Hëllef fir d'Editeuren decidéiert an annoncéiert.
De Bäitrag vum Serge Kesseler lauschteren
Pro professionelle Journalist mat engem feste Vertrag kann den Editeur ënner weidere Konditiounen eng Hëllef vu steierfräie 5.000 Euro kréien, mat engem Maximum vun 200.000 Euro pro Entreprise. De Mediesecteur hätt duerch manner Annoncë vill Recettë verluer, an dëse Secteur hätt net massiv Kuerzaarbecht ugefrot, esou de Premier Xavier Bettel an der Chamber.
Mat dëser Ënnerstëtzung weisen d'Editeure sech fir de Moment zefridden. De Generaldirekter vu Saint-Paul Lëtzebuerg riicht e Merci un d'Regierung, datt si d'Aarbecht vun der Press unerkennt.
Saint-Paul kéint 200.000 Euro kréien
Déi ausseruerdentlech Ënnerstëtzung fir d'Editeure gesäit de Paul Peckels als eng Reaktioun op de Bréif vum 20. Abrëll, awer net nëmmen. Hien insistéiert, datt et och eng Unerkennung fir d'Aarbecht vun der Press an der ganzer Pandemie wier. Jiddweree hätt an de leschte Wochen ënner extraordinären Ëmstänn misste schaffen.
Ob dëst eng eemoleg Hëllef vun der Regierung fir d'Editeure wäert sinn, misst een nach kucken, jee nodeem wéi d'Situatioun sech virun entwéckelt, esou de Paul Peckels. Saint-Paul beschäftegt ronn 90 Journalisten: d'Hëllef ass awer op maximal 200.000 pro Grupp limitéiert, vun deenen een deemno kéint profitéieren.
WOXX: "Dat kéint plus minus opgoen"
D'Wochenzeitung WOXX beschäftegt 7,5 fest Journalisten a kéint also vu 37.500 Euro ausseruerdentlecher Hëllef profitéieren, esou de Gerant a Journalist Richard Graf. Dat géif eigentlech deem finanziellen Abroch entspriechen, deen ee wéinst der Kris iwwer dräi Méint gemooss hätt.
D'WOXX wier eng kleng Struktur, "a wann eis Rechnunge stëmmen, misst dat plus minus opgoen", seet de Richard Graf, "mee do sinn natierlech Estimatiounen dran, an zwee Méint ass ee méi gescheit".
Dëst wier eng "Hëllef am Sënn vun enger staarker Medievielfalt", hat de Premier gesot. Et géif dorëm goen, datt de Pluralismus iwwer d'Corona-Kris eraus zu Lëtzebuerg existéiert. Dem Generaldirekter vu Saint-Paul no wier de Publicitéitsmarché am Abrëll allgemeng ëm dräi Véierel zeréckgaangen.