Ausbléck Wéi abordabele Wunnraum schafen?
Wann d'Pandemie eppes beliicht huet, da sinn et déi sozial Problemer, déi d'Wunnengsnout verstäerkt huet. De Confinement u sech war schonn net einfach, mee als Famill op enkem Raum ze liewen ouni Gaart oder Terrass ass ëmsou méi penibel. D'Wunnengsnout bleift also eng vun de groussen Erausfuerderungen. De Logementsminister Henri Kox huet verschidde Projeten a Reformen an d'Weeër geleet, déi an den nächste Jore sollen ëmgesat ginn.
Déi gréissten Erausfuerderung fir Wunnraum ze schafe bleift déi fir un Bauterrainen ze kommen.
Abordabele Wunnraum schafen
D'Hausse vun der Grondsteier gëtt ernimmt, Taxen op Terrainen, déi am Bauperimeter leie ginn et och nach keng. Mee, iwwer déi sektoriell Pläng an iwwer den Wunnengsbaupakt soll et an Zukunft méi einfach ginn zesummen mat de Gemengen abordabele Wunnraum ze schafen. Mat der Reform vum Wunnengsbaupakt kréien d'Gemengen an Zukunft méi finanziell Mëttelen, wa si sozialen oder éischter abordabele Wunnraum schafen.
De Spezialfong fir d'Entwécklung vu Wunnraum, deen am Abrëll zejoert an d'Liewe geruff gouf, regroupéiert iwwer 300 Projeten fir de bezuelbare Wunnraum.
Tëschent 2016 an September 2020 huet de Staat Konventioune mat ëffentleche Promoteuren ënnerschriwwen, déi a 57 Gemengen realiséiert ginn. Am Ganzen entstinn do 3.600 bezuelbar Wunnengen. Zwee Drëttel vun deene Wunnenge si fir d'Locatioun geduecht, déi aner ginn an d'Vente.
Et entsteet och eng national Lëscht vun den Demandeuren, déi eng sozial Wunneng ufroen, seet de Logementsminister Henri Kox.
D'Sich no Terraine fir nei Wunnengen ze schafe bleift awer nach schwiereg, well d'Propriétéitsrecht zu Lëtzebuerg extreem staark bleift. D'Problemer, déi et beim Virkafsrecht gëtt, bleiwen och um juristesche Plang nach ze klären.
Loyeren ënner Kontroll halen
Bei den Investitiounen a Locatiounswunnenge sinn d'Konditioune vun dësem Joer u manner gënschteg. Déi acceleréiert Amortissementer beim Kaf vun enger Wunneng fir Locatiounszwecker ginn erofgesat. Den Amortissementstaux vu sechs Prozent wärend sechs Joer geet elo op véier Prozent wärend véier Joer erof.
Weider goufen d'Fonds d'investissement spécialisé, déi ënner anerem och um Immobiliemaart aktiv sinn, net ganz ofgeschaaft, mee si ënnerleien enger Rei steierleche Moossnamen. Bis elo hunn déi Fonge praktesch keng Steiere misste bezuelen, domadder ass et elo eriwwer.
D'Loyeren um Privatmaart sinn grad wéi d'Verkafspräisser an d'Luucht gaangen. Mat der Reform vum Mietgesetz gëtt elo preziséiert, datt de Loyer bei maximal fënnef Prozent vum investéierte Kapital pro Joer dierf leien. Allerdéngs gëtt et keng Sanktiounen am Gesetz, an de Proprietär muss am Kontrakt net uginn, wéi vill an d'Wunneng investéiert gouf.
Weider huet d'Regierung festgeluecht, datt d'Loyere wéinst der Pandemie bis Mëtt 2021 net dierfen erhéicht ginn.