Radioen

On air

9 bis 1  |  Lorde - What Was That

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aus fir Verbrennungsmotor suergt weider fir Diskussiounen

EU-Klimapak

Aus fir Verbrennungsmotor suergt weider fir Diskussiounen

Vu wéini un dierfen an der EU keng Autoe méi mat engem Verbrennungsmotor verkaaft ginn? Dat ass eng vun de Froen, mat deene sech haut d'EU-Ëmweltministeren op hirer Reunioun um Kierchbierg befaassen. Fir Lëtzebuerg wier et am beschten, et wier nach virun 2035 Schluss mam Verbrenner-Moteur, seet d'Ëmweltministesch Joëlle Welfring um Bord vun der Reunioun vun den EU-Ëmweltministeren. An Däitschland ass d'Regierung gespléckt an där Fro.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

D'Europäesch Kommissioun huet proposéiert, den Datum vum Enn vum Verbrennungsmotor op 2035 ze fixéieren. Virun dräi Wochen hat sech d'Europaparlament deem Virschlag ugeschloss. Fir Lëtzebuerg wier et esouguer besser, wann deen Delai nach éischter wier, sot de Mëtteg d'Ëmweltministesch Joëlle Welfring.

Däitschland mat ënnerschiddleche Signaler

Virun allem Däitschland deet sech schwéier an där Fro. Déi däitsch Regierung schéckt ënnerschiddlech Signaler eraus. Zwar steet am Koalitiounsvertrag, datt een hannert der Propose vun der Kommissioun steet, de liberale Finanzminister Christian Lindner awer huet dat rezent a Fro gestallt. Villäicht och dowéinst ass de Moien déi däitsch Regierung direkt mat zwee Ministeren op der Reunioun um Kierchbierg ugetrueden.

Däitschland wëll elo een Zousaz an den Text erakréien, dee seet, datt d'Kommissioun soll iwwerpréiwen, wéi och Autoen, déi mat CO2 neutralem Sprit fueren, eventuell kéinten no 2035 nach zougelooss ginn.

Italie fir 2040, Lëtzebuerg dogéint

Italien hat sech fir een Enn vum Verbrenner eréischt am Joer 2040 agesat - dat wier fir Lëtzebuerg net akzeptabel, sou déi gréng Ministesch. Well ee groussen Deel vun den Emissiounen aus dem Stroosseverkéier kommen, misst esou séier wéi méiglech Schluss si mat Motoren, déi CO2 an d'Loft blosen.

Wourop genee ee sech um Enn eens gëtt, dass den Ament net ofzegesinn.