D'Etüdë géife weisen, datt den Intervall tëschent den zwou Dosen AstraZeneca net fix misst sinn an datt den Impfstoff souguer besser géif hëllefen, wat den Intervall tëschent den zwou Dosisse méi grouss wier, erkläert de Virolog. Dobäi kéim, datt eng Flexibilitéit tëschent den zwou Dosen och d'Logistik vum Vaccin vereinfache géif. Doduerch datt een déi zweet Dosis vun all Vaccin net méi misst zu 100 Prozent zeréck leeën, kéinten och méi séier méi Leit geimpft ginn.
"Wann Dir deen zweeten onbedéngt den 21. Dag sollt ginn, da mécht dat d'Logistik natierlech schwiereg. Wann dir awer do flexibel sidd, an Dir sot 'ob et elo dräi oder sechs Woche sinn...', da kënnt Dir vill méi flexibel si mat der éischter Dosis. Dir kënnt méi Leit mat éischter Dosis impfen, well Dir méi Latitüd huet fir déi zweet Dosis ze ginn."
De Claude P. Muller kritiséiert och, datt d'Gesondheetsministesch sech an der Chamber viru knapp zwou Wochen op en Intervall vun 21 Deeg tëschent deen zwou Dosisse behaapt hätt.
"Wéi et drëms gaangen ass fir den Impfstoff bei eis anzeféieren ass an der Chamber driwwer diskutéiert ginn, ob et bei deenen 21 Deeg bleift. An du sot d'Gesondheetsministesch datt mir bei den 21 Deeg bleiwen well de Recht Gepiddels wier."
Wann een esou eppes géif soen, ouni en Connaissance de cause ze sinn, da géif ee sech an eng Situatioun setzen, an där et schwéier wier zeréck ze rudderen, esou de Virolog. D'Regierung huet elo dem Conseil Superieur des Maladies Infectieuses den Optrag ginn hier Recommandatiounen iwwer den AstraZeneca Vaccin z'iwwerschaffen. D'Resultater sollen nach dës Woch publizéiert ginn.