Nom Joerhonnert-Héichwaasser Assurancen hunn iwwer 90 Prozent vun de Fäll ofgewéckelt

No den Iwwerschwemmungen d'lescht Joer hunn d'Assurancë Schied an Héicht vun 126 Milliounen Euro mussen iwwerhuelen. Et wier den deierste Schued fir d'Versécherungsbranche, deen et jee gouf, seet de Marc Hengen, Administrateur délégué vum Verband ACA.

Serge Kesseler / cbi

Iwwerschwemmungen am Gronn
De 15. Juli 2021 stoung de Gronn ënner Waasser. Foto: Archiv

Lauschteren


D'Assurancëgesellschaften hätten an der Tëschenzäit iwwer 90 Prozent vun de Fäll wéinst dem Héichwaasser d'lescht Joer ofgeschloss, seet de Marc Hengen am 100,7-Interview.

D'Assurancëbranche geet alles an allem vun enger Zomm vun 126 Milliounen Euro aus, déi wéinst der Katastroph hu mussen ausbezuelt ginn. Dat wier den héchste Schued, deen et jee fir d'Lëtzebuerger Assurance ginn hätt, seet de Marc Hengen.

1.300 Autoen hu misste verschrott ginn

Deier fir d'Assurancë ware virun allem Schied, déi eenzel Betriber duerch d'Héichwaasser an d'Iwwerschwemmungen haten. Verschidden Entreprise ware ganz staark betraff an d'Entschiedegunge wieren deemno och an d'Millioune gaangen.

Mee och vill Privatstéit ware betraff, z.B. wéinst Autoen, déi zerstéiert goufen. Alles an allem waren den Assurancen eng 1.300 Autoe gemellt ginn, déi och bal alleguerten hu misste verschrott ginn, seet de Marc Hengen vum Verband ACA.

Naturkatastrophe kënnen och zu Lëtzebuerg antrieden

Leider hätt dat lescht Joer gewisen, datt Lëtzebuerg och fir Naturkatastrophen exposéiert ass, déi dee selwechten Dag dat ganzt Land treffen, stellt de Marc Hengen vun der ACA fest.

Et misst een deemno net méi laanscht ee Floss wunne fir vun Iwwerschwemmunge betraff ze sinn. "D'Waasser ka Schied maachen, wou een dat net geduecht hat".

Privatstéit kënnen zanter 2017 eng Versécherung géint Héichwaasserschied ofschléissen. An den allermeeschten Hausversécherunge wier dat an Tëschenzäit automatesch mat dran, esou de Vertrieder vun der ACA.

Méi zum Thema

DSC00703.JPG
Hotelieren

D'Demarchë fir d'Hëllefen no den Iwwerschwemmunge wiere méi einfach gewiescht wéi fir d'Pandemie, esou den Hotelier Nicolas Gruber. Méi schwéier wier awer d'Zesummenaarbecht mat den Assurancen.

Marc Hengen
No den Iwwerschwemmungen

Et misst ee sech drop astellen, datt d'Assurancë méi deier ginn, wann et méi dacks zu Schied wéinst extreme Wiederphenomener kënnt, seet de Marc Hengen. D'Assureure missten driwwer nodenken, hir Primmen eropzesetzen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen