Gesondheetssecteur Asaz vu Schnelltester imminent

Den Asaz vu Corona-Schnelltester hei am Land soll fir "ganz vill méi Flexibilitéit" an den nächste Wochen a Méint bréngen: dat huet d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert ugekënnegt, an der Chamber-Debatt gëschter. D'LSAP-Politikerin huet sech zefridde gewisen, datt d'Schnelltester endlech d'CE-Kennzeechnung kritt hunn, a se elo an Europa am Asaz sinn.

Serge Kesseler / cz

Schnelltest Covid-19
Foto: Bigstock / Amaviael

De Bäitrag vum Serge Kesseler lauschteren


Fir festzeleeë wéi d'Corona-Schnelltester hei am Land sollen agesat ginn, hätt si gëschter eng Recommandatioun vun der Santés-Direktioun kritt, esou d'Ministerin Paulette Lenert. D'Lëtzebuerger Approche géif sech un där Schwäizer orientéieren, dat heescht datt dës Schnelltester haaptsächlech bei symptomatesche Patienten agesat solle ginn.

Donieft sollen d'Schnelltester hei am Land awer och generell an de Klinicken an Altersheemer zum Asaz kommen. "Quitt, dass wann e positiv getest gëtt, dass mer dat nach eng Kéier crosschecke mat engem PCR-Test", sou d'Gesondheetsministesch.

Pompjeeën an Apdikter sollen an Test-Laboen aushëllefen

Wat déi momentan Enkpäss an de Test-Laboen ugeet, sou wieren déi op d'Personalknappheet zréckzeféieren, huet d'Ministerin gëschter an der Chamber erkläert.

"Fir genau ze sinn, et sinn d'Preleveuren, déi eis feelen: do si mer op kompletter Capacitéit de Moment. Mir wäerten nieft deene Beruffer, déi mer elo schonn ausgewisen hunn, déi dësen Akt normalerweis net maachen, déi mer habilitéiert hunn, och nach anerer muer ausweisen, mat engem Projet, deen an der Regierung wäert presentéiert ginn."

Et géif dorëm goen z.B. Pompjeeën oder Apdikter duerch eng Zousazausbildung esouwäit ze kréien, datt si eng eng Hand kéinte mat upaken. Wa méi Personal zur Verfügung stinn, da solle weider Teststatiounen opgemaach ginn, preziséiert d'Gesondheetsministerin präziséiert.

Méi zum Thema

Covid-Test
Covid-19

Wéinst de villen Ufroe fir e Corona-Test mécht de Staatslabo en neien Test-Zenter um Kierchbierg op. Vu muer 12 Auer u kann ee sech mat enger Ordonnance am ale Gebai un der BNL teste loossen.

Paulette Lenert, ministre de la Protection des consommateurs, ministre de la Santé
Phas 2 vum Large Scale Testing

Wéinst der Corona-Pandemie wäert virun am grousse Stil getest ginn. D'Ministerin Paulette Lenert huet de Moien am Gesondheetsministère Detailer zur Suite vun der Test-Strategie presentéiert.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen