Fräie Mikro Après-nous le déluge?

Duerch eise Liewensstil huet jiddweree vun eis en Deel Responsabilitéit un den Ëmwelt- a Klimaproblemer. Dat mécht déi deels aggressiv Reaktiounen op jonk Mënschen, déi fir eng liewbar a liewenswäert Welt demonstréieren, ëmsou méi onverständlech, mengt de Frank Schroeder, Direkter vum Resistenzmusée a sengem Fräie Mikro.

Frank Schroeder / cz

Meenung Frank Schroeder
Frank Schroeder

Generatiounskonflikter ginn et, soulaang et d'Mënschheet gëtt. Jonk Leit wëlle fort vun ale Wäerter, wëlle Fortschrëtt, wëlle selwer matbestëmmen. D'Generatioun un der Muecht probéiert dogéint, déi ze verdeedegen.

Dat, wat an de leschte Woche passéiert, ënnerscheet sech net wesentlech vun deem Schema. An awer ass et déi Kéier anescht: E 16-järegt Meedchen aus Schweden, d'Greta Thunberg, bréngt et fäerdeg, fir d'éischt a sengem Land, an duerno weltwäit fir de Schutz vun eisem Planéit ze mobiliséieren, an Honnertdausende Jonker a méi wéi 100 Länner op d'Strooss ze kréien. Jonker, déi hir Angscht ausdrécke virun enger onsécherer Zukunft op enger Äerd, déi vun eiser Gesellschaft skrupellos ausgebeut gëtt. Ouni Rücksicht op Verloschter, ouni Gedanken un Auswierkungen, un d'Ausreize vu Ressourcen, un d'Vergëfte vu Waasser a Buedem, un dat massiivt Ausstierwe vun Déieren a Planzen, un d'Zerstéierung vun den Ökosystemer. Déi Jonk kloen un, weise mam Fanger op d'Generatioune virun hinnen, déi verantwortungslos gehandelt hunn an handelen, an déi net bereet schéngen, eppes ze änneren. Wa si géint Klima- an Ëmweltpolitik, géint d'Politik an d'Wirtschaft, géint hemmungslose Konsum demonstréieren, da wiere si sech, da maachen si am gudde Sënn Resistenz.

Kritik deels verständlech, mee Protest vu Jonken gerechtfäerdegt

Et ass novollzéibar, datt en Deel vun den eelere Generatiounen dorop mat Onverständnis reagéiert. Firwat déi Jonk, a besonnesch d'Greta Thunberg, awer zanter Wochen op eng deels extrem aggressiv a mënscheveruechtend Manéier ugefeint ginn, kann ech net novollzéien. D'Jugend gëtt vu villen absolut net eescht geholl. Dobäi hu si valabel Argumenter, an et ass hiert demokratescht Recht, ze manifestéieren an ze streiken. Och nächsten an iwwernächste Freideg, wa si dat decidéieren. Dat sinn d'Virdeeler, an engem demokratesche System ze liewen.

Sech wieren, éier et ze spéit ass, respektiv sou laang et nach Zäit ass, dat ass net ëmmer geschitt an der Vergaangenheet - an hat deels katastrophal Konsequenzen. Et ass dach eigentlech positiv, wa Jonker eng politesch Meenung an e Bewosstsinn fir Problemer entwéckelen.

Déi Jonk hu Recht, wa si eis virwerfen, eng Matverantwortung un där Situatioun ze hunn ...

... a kréien als Äntwert, och si wäre verwinnt, konsumorientéiert a mat hire Smartphonen, Autoen a Reese mam Bëllegfliger selwer Deel vum Problem.

Firwat iwwerhuelen Erwuessener net hir Verantwortung?

Jo, dat stëmmt. Mee: wien huet eis Kanner esou erzunn, a si zu deem gemaach, wat si sinn? An elo sinn et net mir, deenen déi Problematik bewosst gëtt an déi reagéieren, mee eis Kanner!

A wat maache mir als Erwuessener? E groussen Deel stécht och weider de Kapp an de Sand. Misste mir net och op d'Strooss goen, an eis solidaresch weisen? Et ka kee behaapten, ni eppes iwwer d'Problemer ronderëm de Klima, de Plastik, d'Atomenergie, eis déck Autoen, d'Croisièren an d'Fluchreesen héieren ze hunn. Jo, et stëmmt, och ech sinn de Moment nach net esou wäit, op Vakanze mam Fliger ze verzichten, meng Mobilitéit grondleeënd ze änneren an eventuell mat just engem klengen Auto an der Famill eens ze ginn. A jo, ech weess, datt vill Aarbechtsplaze vun der Automobilindustrie an dem Tourismus ofhänken.

Déi Jonk solle sech viru wieren

D'Fro ass: Beléie mir eis net selwer? Mir verstoppen eis hanner deenen aneren, déi och näischt maachen. Mir grënne Biergerinitiative géint Wandrieder a maachen Etüden, op de Schied, dee si werfe keng negativ Auswierkungen op d'Natur ronderëm huet, anstatt eppes ze änneren. D'Politiker handelen hallefhäerzeg oder guer net, an d'Wirtschaft kuckt just no hirem Profit.

D'Greta Thunberg an d'Fridays for Future-Beweegung huet eppes bei mir am Kapp a Beweegung gesat. Wat, wann et wierklech sou schlëmm ass, wéi verschidde Wëssenschaftler eis et viraussoen? A villen anere Beräicher maache mir alles, fir eis Kanner ze beschützen. Wann et drëm geet, hinnen - an niewebäi och eis selwer - eng Welt ze hannerloossen, déi och nach a 25 oder 50 Joer liewbar a liewenswäert ass, versoe mir kläglech.

Déi Jonk hunn ugefaange sech ze wieren. A si sollen net ophalen domat.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.

An der Mediathéik:

Fräie Mikro / / Frank Schroeder
Lauschteren

Méi zum Thema

Andrew Ferrone
Weltmeteodag

D'Sonn, de Buedem an d'Wieder sinn d'Themen vum Weltdag vun der Meteo. Et ass haut kloer, datt d'Sonn nëmmen ee geréngen Afloss op de Klimawiessel huet, seet den Andrew Ferrone, Meteorolog vun der ASTA.

Friday For Future
Klimaschutz

Tëschent 7.000 a 15.000 Schülerinnen a Schüler hunn an der Stad beim "globale Streik fir de Klima" matgemaach. A villen anere Stied uechter d'Welt hu Jonker haut fir de Klimaschutz manifestéiert.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen