Pandemie Apdikten: Schnelltester vun nächster Woch un

An 62 vun den 98 Apdikten hei am Land wäert ee sech vun der nächster Woch un e Covid-Schnelltest kënne maache loossen. Dat huet den Apdiktesch-Syndikat eis op Nofro hi matgedeelt. D'Lëscht vun den Apdikten, déi matmaachen, wäert haut am Laf vum Dag op pharmacie.lu publizéiert ginn. Et ass net ausgeschloss, datt nach weider Apdikte sech der Initiativ méi spéit uschléissen.

Maurice Molitor

Apdikt
Foto: Bigstock / viewfinder

Lauschteren


Déi nei Méiglechkeet fir sech testen ze loossen huet, par Rapport zum Selbsttest, ee grousse Virdeel: et kritt een e Certificat, deen engem verschidden Dieren opmaache kann.

D'Dier fir an e Restaurant zum Beispill, wann dat neit Covid-Gesetz mat sengen neie Reegele bis de 16. Mee a Kraaft trëtt. Oder op anere Plazen, wou en negatiivt Testresultat d'Konditioun ass fir eragelooss ze ginn. Där wäerten et der mat der Zäit jo warscheinlech ëmmer méi ginn. Mee och am Hibléck op d'Rees- a Vakanzesaison ass esou en Dokument interessant:

"Fir déi Länner wou e Schnelltest duergeet, kéint ee sech och mat deem Schnelltest dohinner deplacéieren", erkläert den Alain De Bourcy, de President vum Apdiktesch-Syndikat. Et ass natierlech ganz schwéier viraus ze gesinn, wéi grouss den Undrang wäert sinn: d'Apdikte wëssen net wat op se duerkënnt. Den Alain de Bourcy mengt awer, datt een an enger Stonn ouni Problemer eng hallef Dose Leit getest ka kréien.

Stellt sech nach d'Fro vum Präis: Dee gëtt net virginn, dat heescht all Apdikt ka froe wat se wëll.

"Et ka ganz gutt sinn, datt déi meescht Apdikten e Präis tëscht 25 an 30 Euro froen - 35 Euro schéngt mer scho bal e bësse vill. Ech géif soen e Minimum ass 20 Euro, well wann den Test scho 7,50 Euro kascht, Dir musst eng Händsch hunn, Dir braucht eng FFP2-Mask, Dir musst ofliesen, Dir musst de Certificat ausfëllen ... Fir ënner 20 Euro kënne mer bal net käschtendeckend schaffen."

Op jidde Fall wëllen d'Apdiktere sech net de Reproche gefale loossen, si hätten de Präis extra héich ugesat, fir datt kee kënnt. Dat ass net Sënn vun der Saach, an och net d'Zil seet den Alain de Bourcy.

Méi zum Thema

Schnelltester kéinte bei der Bekämpfung vum Virus hëllefen
Ouverturen vum 16. Mee un

Wéi genau sollen d'Selbsttester funktionéieren, fir vum 16. Mee un bannent engem Café oder Restaurant dierfen ze consomméieren? Santé an Horeca wieren am Moment amgaang un enger Léisung ze schaffen, heescht et aus der zoustänneger Chamberskommissioun.

Claude Meisch
Educatioun

D'lescht Woch goufen 63 Corona-Infektiounen an de Schoulen duerch Schnelltester entdeckt, sou den Educatiounsminister Claude Meisch. Dat wier eng däitlech méi eng héich Participatioun, wéi beim Large Scale Testing.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen