Gesondheet Apdikten: Engpass bei verschiddene Medikamenter

Déi dräifach Epidemie, verursaacht duerch Covid-19, Bronchiolitis an der Gripp mécht net nëmmen de Klinicken ze schafen, mee och den Apdikten. A ganz Europa gëtt et den Ament Engpäss bei enger Rei Medikamenter. Zu Lëtzebuerg géif sech d'Situatioun awer erëm besseren.

Sophie Schroeder / cz

Illustratioun Medikamenter
Foto: unsplash / Alexander Grey

Lauschteren


Et sinn haaptsächlech Antibiotiquen, Anti-Inflammatoiren, Houscht-Siropen a Pëlle mat Codein, déi zu Lëtzebuerg den Ament feelen. Dat konnt de President vum Syndikat vun de Lëtzebuerger Apdikter Alain de Bourcy confirméieren. Hien huet d'Situatioun awer als "net katastrophal" beschriwwen. D'Penurië wieren duerch déi méi niddereg Produktioun wärend der Corona-Pandemie ausgeléist ginn. D'Produktioun wier net séier genuch eropgefuer ginn an doduerch géife sech Liwwerengpäss deelweis erklären.

Bis d'Demande bei eis nees ka gedeckt ginn, kéint et sech nach e bëssen zéien, well villes och a China produzéiert gëtt an et deemno dauert bis d'Medikamenter hei ukommen. Weider ass Lëtzebuerg och, wat d'Liwwerunge vu Medikamenter ugeet, vun den Nopeschlänner ofhängeg.

Bis Uganks Mäerz soll sech d'Situatioun nees verbesseren

Den Alain de Bourcy rechent awer domat, datt d'Situatioun sech an den nächste Woche leeë wäert, ënnert anerem och well d'Well u grippalen Infekter erëm zeréck geet. "Dat geet elo nach fir sechs Wochen, bis ugangs Mäerz oder sou, an normalerweis ginn déi Wantererkältungen dann awer erëm manner. Dat hänkt e bëssen dovun of, wéi déi klimatesch Konditiounen dobausse sinn an ech mengen, datt mir de Pic vun den Erkältunge plus ou moins elo hannert eis hunn."

Et géif een zu Lëtzebuerg och net erkennen, datt d'Leit ufänken, aus Angscht sech Medikamenter op Stock ze kafen. Dëst géif och nëmmen an een Däiwelskrees féieren an d'Situatioun verschlëmmeren, sou nach de President vum Apdikterverband Alain de Bourcy.

Méi zum Thema

Eng Cannabisplantatioun a Portugal
Cannabisplantatioun

Cannabis-Ubau ënner staatlecher Kontroll zu Lëtzebuerg? Firwat net, seet d'Gesondheetsministesch bei der Visitt vun enger Produktiounsanlag a Portugal.

ntibiotik.JPG
Aktiounsplang

De Gesondheetsministère an de Landwirtschaftsministère hunn een Antibiotiquen-Aktiounsplang fir d'Period 2018-2022 ausgeschafft. De Mëssbrauch vun Antibiotique ka geféierlech ginn, wëll Bakterie resistent ginn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen