COP27 António Guterres warnt Staats- a Regierungscheffen

Op der Weltklimakonferenz si bis haut bal 200 Staats- a Regierungscheffe beieneen, ënnert hinnen de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel. Jiddweree kritt theoretesch fënnef Minutten op der Bün zu Sharm-El-Sheik an Ägypten, wärend an honnerte Reuniounen Negociateuren aus der ganzer Welt zu konkreten Decisioune komme sollen, déi de Klimawandel bremsen.

Philip Crowther (Sharm-El-Sheik, Ägypten) / cbi

António Guterres
Den UN-Generalsekretär António Guterres. Foto: picture alliance/dpa | Gehad Hamdy

Lauschteren


Op dëser COP27 soll een Accord fonnt ginn, dee garantéiert, datt méi aarm Länner genuch Finanzéierung kréie fir sech dem Klimawandel unzepassen. Gläichzäiteg sollen och déi Länner, déi elo schonn ënner de Konsequenze leiden, kompenséiert ginn.

Den nächste Schrëtt hunn d'USA bis elo net gewollt. D'Hoffnung ass et, datt sech déi Positioun zu Scharm-El-Scheikh ännere kéint.

Warnunge vum UN-Generalsekretär

Den UNO-Generalsekretär António Guterres huet a senger Ried ënnerstrach, datt déi zwou gréissten Ekonomien op der Welt - nämlech China an d'USA - eng besonnesch Responsabilitéit hätte fir bei engem gemeinsame Pakt matzemaachen.

"Dat ass eis eenzeg Hoffnung, fir eis Klimaziler ze erreechen. D'Mënschheet huet e Choix: kooperéieren oder stierwen. Et gëtt entweder e Klimasolidaritéitspak, oder ee kollektive Selbstmordpakt."

Weider huet den António Guterres betount, datt d'Welt op der Autobunn a Richtung Klimakatastroph fiert an dobäi op de Gas dréckt.

Den Impakt vun der Äerderwiermung

D'Weltklimakonferenz an Afrika soll besonnesch op den Impakt vun der Äerderwiermung op dësem Kontinent opmierksam maachen. Den ägyptesche President Abdel Fattah El-Sisi schwätzt vun engem Planéit, deen zu enger Welt vum Leide ginn ass.

De fréieren amerikanesche Vizepresident Al Gore sot, et misst een elo tëschent Liewen an Doud wiele misst, andeems een ophält fossil Energie ze benotzen. Hie war ee vun den éischten, deen um internationalen Niveau Alarm geschloen huet.

D'UN-Klimakonferenz ass dëst Joer zu Sharm-El-Sheik an Ägypten, et si bal 200 Staats- a Regierungscheffe beieneen, dorënner de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel.

D'Konferenz soll alles an allem zwou Wochen daueren. An honnerte vun Negociatioune solle Accorde fonnt ginn, déi d'Äerderwiermung op 1,5 Grad Celsius limitéiere sollen. En Zil, dat de meeschten Experten no net méi ze erreechen ass.

Méi zum Thema

Illustratioun Klimawandel
Weltmeteosorganisatioun

Praktesch all Regiounen uechtert d'Welt si vun extreme Wiederkonditioune betraff. Grond fir dat extreemt Wieder ass de Klimawandel, dat geet aus dem neiste Rapport vun der Weltmeteosorganisatioun ervir.

Tilly Metz.jpg
COP27 Klimakonferenz

D'Europadeputéiert Tilly Metz hätt sech gewënscht, datt d'EU méi ambitiéis Ziler op der COP27 an Ägypten vertrëtt. Si hofft, datt d'EU hir Klimaziler am Laf vun der Konferenz nach nobessert.

COP27
COP27

An Ägypte gëtt elo negociéiert fir d'Versprieche vum Paräisser Klimaofkommes anzehalen. D'Äerderwiermung op 1,5 Grad Celsius ze limitéiere bleift méiglech, mee just wann all d'Decisioune vu Glasgow confirméiert ginn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen