Large-Scale-Testing Antikierper-Test am Drive-In

Ronn 15 Prozent vun der Populatioun hunn de Moment Antikierpere géint de Corona-Virus: fir ze suivéiere wéi dëse Prozentsaz sech entwéckelt, gëtt zënter dem 3. Mee am Kader vum Large-Scale-Testing och e sougenannten "Dried blood spot testing" gemaach. Leit, déi vum Gesondheetsministère invitéiert gi fir sech op Antikierperen testen ze loossen, mussen elo keng klassesch Blutt-Analyse méi maache loossen, mee si kréien am Drive-In Blutt aus dem Fanger geholl.

Serge Kesseler / tt

Large-Scale-Testing
Foto: Bigstock

Schonn zënter dem leschten November gi systematesch Anti-Kierper-Tester gemaach: zënter gutt dräi Woche gëtt et elo een neit Verfare mat Gratis-Tester mat gedréchente Bluttdrëpsen, erkläert den Dr. Thomas Dentzer vum Gesondheetsministère.

Wéi beim Large-Scale-Testing kann ee sech ee Rendezvous fir an een Drive-In huelen. Do kritt een eng Kéier an de Fanger gepickt an e puer Drëpse Blutt ginn op e Stéck Pabeier gedréckt, wat dono am Labo analyséiert gëtt.

Donieft wier et méi bëlleg fir zu de Resultater vum Stand vun den Anti-Kierperen ze kommen.

"Et kann een Anti-Kierper bilde wann een infizéiert ginn ass a wann e geimpft ginn ass. An domadder wëlle mer noverfollegen an der Populatioun, wéi de Prozentsaz vun der Leit steigt, déi mam Virus a Kontakt waren oder geimpft sinn."

Dat géif hinnen ee potentielle Réckschloss op eng Immunitéit oder eng Herdenimmunitéit ginn.

Et géif och hëllefe fir ze decidéieren, wéini weider sanitär Mesurë kéinten zeréck gefuer ginn, ouni Risiko, datt erëm méi Leit sech mam Virus infizéieren, erkläert den Dr. Dentzer:

"Wann d'Hallschent vun de Leit elo geimpft sinn oder d'Hallschent vun de Leit Anti-Kierper hunn, ma dann ass déi Hallschent vun de Leit ganz wéineg susceptibel fir nach eng Kéier infizéiert ze ginn. Also kann de Virus net méi esou schnell duerch déi ganz Populatioun goen. An dat ass sécher e ganz wichtegen Indicateur fir elo iergendwann eng Kéier ze soen, mir droe keng Maske méi."

Lëtzebuerg hätt mam Large-Scale-Testing déi eemoleg Geleeënheet esou Schrëtt op Basis vu wëssenschaftlechen Donnéeën ze huelen, betount den Thomas Dentzer.

Pro Woch solle ronn 1.000 Blutt-Tester gemaach ginn, bei engem representativen Echantillon vun der Bevëlkerung.

Méi zum Thema

Claude Meisch
Educatioun

D'lescht Woch goufen 63 Corona-Infektiounen an de Schoulen duerch Schnelltester entdeckt, sou den Educatiounsminister Claude Meisch. Dat wier eng däitlech méi eng héich Participatioun, wéi beim Large Scale Testing.

Large-Scale-Testing
SANTE

No Ouschteren ass et net méi méiglech virun enger Vakanz am Kader vum Large-Scale-Testing e gratis PCR-Test maachen ze loossen. Déi Leit, déi an d'Vakanz wëllen, kënne sech op hir Käschten an de Privatlaboen teste loossen.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen