Corona-Infektiounen Antikierper: Positivitéitstaux vu 6,99 Prozent

Bei 3.961 Antikierper-Tester, déi vum 16. November 2020 bis den 10. Januar 2021 gemaach gi sinn, haten 277 Leit Antikierper, äntwert d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert op eng parlamentaresch Fro. Dat entsprécht engem Taux vu 6,99 Prozent.

Claude Biver

Blutttest
Symbolbild. Foto: picture alliance / Eibner-Pressefoto | Fleig / Eibner-Pressefoto

An der CON-VINCE-Studie, déi vun Abrëll 2020 bis Enn Juni 2020 gemaach ginn ass, war een Taux de positivité vun 3 Prozent bei der Populatioun festgestallt ginn. D'Paulette Lenert nennt als Ursaach fir dës Hausse vun Antikierper déi héich Zuel un Neiinfektiounen an de leschte Méint.

Héichgerechent géif dat bedeiten, datt eng 44.000 Leit am Land scho Kontakt mam Virus haten. Dat wier och koherent mat de positiven Testresultater: bis den 13. Januar wieren 48.486 Leit positiv op de Coronavirus getest ginn. D'Paulette Lenert geet dovunner aus, datt d'Donkelziffer deemno relativ kleng wier:

"Wann een dovun ausgeet, dass eng Rei Leit keng Antikierper produzéieren oder eben no enger Infektioun schnell d'Antikierper verléieren, géing dat heeschen dass mir vill vun de Persoune getest hunn déi och infizéiert waren, an domat eng relativ kleng Donkelziffer bei den Diagnosen hunn."

Am Dezember hat den Dokter Thomas Dentzer, Virolog a Responsabele fir Covid-19-Tester bei der Santé am 100,7-Interview vu 7 Prozent geschwat. Zu deem Zäitpunkt haten allerdéngs just 400 Leit en Antikierper-Test gemaach.

Méi zum Thema

Bluttest
Coronavirus

Op d'mannst siwe Prozent ware scho mam Coronavirus infizéiert. Zanter Enn Oktober proposéiert d'Santé e Blutttest, fir ze kucken ob eng Persoun Antikierper huet. Antikierper zu hu wier awer net gläich Immunitéit.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen