Commemoratiounen Anniversaire vum Mord um George Floyd
An den USA ass un den George Floyd geduecht ginn. Viru genee engem Joer ass den Afro-Amerikaner vun engem wäisse Polizist zu Minneapolis ermort ginn. D'Biller an deenen ee gesäit wéi den Derek Chauvin bal zéng Minutte laang dem Floyd de Knéi an d'Genéck dréckt sinn em d'Welt gaangen an hu fir massiv Protester gesuergt, besonnesch zu Minneapolis, wou de Mord geschitt ass.
Den George Floyd Square, wéi dës Kräizung elo heescht wou e wäisse Polizist e schwaarze Mann ermort hat, ass bal direkt no der Dot vun Aktivisten iwwerholl ginn. Ee Joer laang scho fuere keng Autoe méi duerch dës Stroossen. Et ass eng Plaz wou getrauert a protestéiert gëtt, a wou un alles geduecht gëtt, wat am leschte Joer geschitt ass. Protester, dee heiansdo gewaltsam goufen, haten sech jo an der ganzer Welt verbreet.
Dësen Dënschden sollt et eng aner Atmosphär ginn, eng Party, e Festival mat Musek, Danzen, Iessen, a Spiller fir d'Kanner, mat engem Hommage natierlech och un den George Floyd. Esou war et och owes.
Mee besonnesch friddlech war et moies um 10 Auer net. Do ass dëst wärend enger vu menge Live-Schaltungen um Fernsee geschitt.
Here's the moment shots were fired near George Floyd Square earlier this morning. pic.twitter.com/NIWRBr6b9Y
- Philip Crowther (@PhilipinDC) May 25, 2021
Ongeféier 30 Schëss gouf et just ee Block fort vun der Plaz wou den George Floyd ëmbruecht gouf. Ee Mann gouf schwéier blesséiert. D'Schéisserei hat, et schéngt, näischt mat de Commemoratiounen ze dinn. Et war e weidert Beispill vu Gewalt tëscht kriminelle Banden, krute mir op der Plaz gesot.
Republikaner sti Police-Reform am Wee
Et war e Beweis fir d'Tensiounen, déi an dëser Stad herrschen, wou d'Gewalt a Morden an d'Luucht gaange sinn am leschte Joer, an d'Police-Presenz op de Stroossen drastesch nogelooss huet.
Et gëtt nach vill ze dinn, fir d'Gewalt ze bremsen, mee och fir de Rassismus an den USA ze bekämpfen an d'Police-Brutalitéit ze stoppen.
Eng Reform vun der Police um nationalen Niveau: dat wëllen den US-President, d'Demokraten, an d'Famill vum George Floyd, déi an d'Wäisst Haus invitéiert goufen. Dem George säi Brudder, de Philonise Floyd sot: "Wann et e nationaalt Gesetz gëtt fir en Deier wéi den Adler ze beschützen, da kann et och e Gesetz ginn, dat schwaarz Amerikaner beschützt."
Eng Reform géif verschidde brutal Police-Taktike verbidden, zum Beispill. Mee Republikaner stinn der Reform am Wee. Den Joe Biden wollt d'Gesetz virum Anniversaire vum George Floyd sengem Dout ënnerschreiwen. Deen Dag ass elo eriwwer. D'Gewalt ass net gebremst ginn.
