Drogepolitik Ännerungen an der Drogepolitik goufen haut am Regierungsrot festgehalen

De Regierungsrot ass sech um Mëttwoch (20. Oktober) op ee Mesurepak an der Droge-, Sécherheets-, a Präventiounspolitik Eens ginn. Dobäi soll et eisen Informatiounen no och ee Konsens gi fir en aneren Ëmgank mam rekreative Cannabis.

Pia Oppel

Cannabis Knosp

De Premier Xavier Bettel hat d'lescht Woch a senger Ried zur Lag vun der Natioun annoncéiert, datt ee Mesurëpak fir méi Sécherheet a verschiddene Stater Quartiere kéim, an datt domadder "eng éischt Etapp an der Upassung vun der Drogepolitik" verbonne wier.

De Mesurëpak gëtt e Freideg (22. Oktober) an der Chamber presentéiert, an duerno der Press. Et geet am Fall vun der Cannabis-Reglementatioun awer nach net ëm ee fäerdege Gesetzprojet.

Wat genau haut décidéiert gouf, si mir net gewuer ginn. Ob d'Regierung bei hirer Decisioun vu virum Summer bleift, fir de Cannabis net ze legaliséieren a reng de privaten Ubau vu klenge Quantitéiten ze reglementéieren, wollt d'Justizministerin Sam Tanson op Nofro net kommentéieren. D'Gesondheetsministerin Paulette Lenert huet op eis Ufro bis ewell net geäntwert.

Mir haten Enn September gemellt, datt d'Regierung sech Eens gi war just de Cannabis-Ubau fir den Eegebedarf ze reglementéieren. Doropshi gouf et an de Reie vun de Koalitiounsparteie Kritik, datt dat net géif wäit genuch goen. Am Koalitiounaccord ass eng Legaliseierung vun der Produktioun, dem Verkaf an dem Konsum vu rekreativem Cannabis virgesinn.

Méi zum Thema

Cannabis Exklusiv
Drogepolitik

100,7-Informatiounen no wëll d'Regierung just den Ubau vu Cannabis-Planze fir de private Konsum an a klenge Quantitéiten erméiglechen. De Verkaf wier - anescht wéi geplangt - weiderhin illegal.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen