Veräinsliewen André Heinen ass neien UGDA-President

Um Sonndeg war den 160. Kongress vun der Union Grand-Duc Adolphe, der Associatioun vun de Lëtzebuerger Orchesteren, Chéier an Theaterveräiner. Op der Dagesuerdnung stoung e Presidentewiessel.

Paule Rodesch / cbi

UGDA-Kongress am Stater Conservatoire
Den UGDA-Kongress war genee wéi d'lescht Joer am Stater Conservatoire. Foto: Facebook / UGDA (Archiv)

De ganzen Interview mam André Heinen lauschteren


De Gilbert Girsch stoung fir kee weidert Mandat zur Verfügung. Eenzege Kandidat fir seng Successioun unzetrieden war den André Heinen. Hie gouf vum Kongress och confirméiert.

Déi lescht Jore ware schwéier fir d'UGDA

D'UGDA kuckt op e puer schwiereg Joren zeréck: De Kultursecteur huet staark ënner de sanitäre Moossname wärend der Corona-Pandemie gelidden.

Et wier een antëscht driwwer ewech, mee eng Rei Veräiner wieren op der Streck bliwwen, bedauert den André Heinen haut am 100komma7-Interview. Virun allem d'Chéier hätte gelidden, där hir Membere meeschtendeels méi al sinn.

Generell feelt et de Veräiner un neie Memberen, besonnesch u Jonken. Iwwert d'Gratuitéit vun de Musekscoursen hätt een zwar 10 Prozent méi Schüler bäikritt, sou den André Heinen, déi géifen awer net forcement och engem Veräin bäitrieden. De Rekrutement vun neie Membere wier dofir fir déi nächst 3 Joer och d'Haaptprioritéit vun der UGDA.

Méi zum Thema

Marc Thill UGDA.jpg
Demande no Reegelchangementer

Den neie Generalsekretär vun der nationale Museksfederatioun UGDA gëtt deene Stëmme Recht, déi soen, de Sport géif bei de Corona-Restriktiounen op manner op Amateursniveau besser ewech kommen wéi d'UGDA-Veräiner.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen