An engem gudde Mount soll de Geheimdéngscht-Prozess ufänken. Den éischte Prozessdag ass op den 29. November fixéiert. Am Ganze sinn aacht Prozessdeeg virgesinn, esou de provisoreschen Zäitplang, deen un déi verschidde Parteie verschéckt gouf.
Dräi Persoune musse sech viru Geriicht veräntwerten: De fréiere Geheimdéngscht-Chef Marco Mille a seng zwee fréier Mataarbechter André Kemmer a Fränk Schneider. Si kréie virgehäit, geheim Informatiounen aus dem Geheimdéngscht no hirer aktiver Zäit matgeholl a weider geleet ze hunn. Zweetens kréie si reprochéiert, de Geschäftsmann an Techniker Loris Mariotto illegal ofgelauschtert ze hunn.
D'Faite goufe viru fënnef Joer ëffentlech, gréisstendeels duerch Revelatiounen an der Press. Dës an aner Volete vun der SREL-Affaire hunn am Joer 2013 zu parlamentareschen Neiwahle gefouert.