arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "An dofir sinn ech awer stolz"

Jugend- an Drogenhëllef

|
reading time

4 min

"An dofir sinn ech awer stolz"

Den Tom Muller (*) huet als Teenager ugefaangen Heroin ze huelen. Zënterhier huet hien ëmmer nees op der Strooss gelieft, war am Prisong, a keng Entzuchstherapie hat laang Succès. Eréischt mam Heroinprogramm vun der Jugend- an Drogenhëllef krut deen elo iwwer 40 Joer ale Lëtzebuerger säi Liewen nees besser an de Grëff. D'Pia Oppel huet mat him iwwer seng Situatioun geschwat.

reading time

4 min

*Fir d'Identitéit vun eisem Gespréichspartner ze schützen, hu mir hei säin Numm a seng Stëmm geännert.

"Ech hunn immens vill Baustellen", seet den Tom Muller. Am Gespréich mécht hien Undeitungen op eng schwiereg Kandheet, schonn als Puppelche wier hie vu sengen Eltere getrennt ginn. Mat 12 Joer hätt hien ugefaange fir ee méi ale Kolleeg Heroin ze verkafen. An et hätt net laang gedauert, bis hien d'Drog selwer geholl huet:

"Ech hunn net mat Cannabis ugefaangen. Mee ech hunn direkt mat Heroin ugefaangen. Dat huet mir einfach direkt dat ginn, dat Wuelgefill, et ass mir waarm ginn. Et ass net fir näischt d'Mamm vun der Drog. Et gëtt esou genannt, well den Heroin gëtt dir dat, wat d'Mamm dir soll normalerweis ginn."

Aus dem Däiwelskreess rausklammen

Entzuchstherapien hätte phaseweis gehollef:

"Ech war véier Mol zu Manternach, wou ech 13 Méint gemaach hunn, 14 Méint. Do war ech da propper, mee ech hunn awer nach Methadon geholl. Ech sinn och vun do aus schaffe gaangen. Manternach huet mir gutt gedoen."

Mee d'Ersatzmëttel Methadon eleng wier him ni wierklech duergaangen, seet den Tom Muller. Also hätt hien dann iergendwann awer nees Heroin, Kokain oder och Bromazepam dobäi geholl. An da wier säi Liewen séier nees ausser Kontroll geroden. Och am Prisong wier hien zweemol gewiescht - duerno wier alles nees weider gaange wéi virdrun:

"Du gëss entlooss, du gees mat dengem Weenche virun d'Dier, mat dengem ganze Gepäck an da stees de do: Sou, wat soll ech elo maachen? Da waarts de op deen nächste Bus, da klëmms de mat dengem ganze Bataklang do eran. An da bass du nees d'nämmlecht wéi virdrun. Du stees erëm op der Strooss. An et ass einfach keen Halt do."

Virun zwee Joer ass den Tom Muller dësem Däiwelskrees entkomm, wéi d'Sozialaarbechter vun der Jugend- an Drogenhëllef hien iwwerzeegt kruten, un engem Pilotprojet Deel ze huelen. Den Tom seet, hien hat ëmmer e "bësse Schiss" do virdru gehat:

"Well ech mir geduecht hunn, lo geess du vum Mephenon op dat do eriwwer, wéi ass dat dann? A wéi baus du dat of? Dofir gëtt et jo déi Woch, wou se hei maachen: Du gëss bei den Dokter geschéckt, du gëss gecheckt. Du gees bei de Psychiater, muss mam Psychiater schwätzen. An déi soen dann, deem do kënne mer dat ginn. An ech géif et net méi hier ginn."

Kontrolléierten Dosage bei der Jugend- an Drogenhëllef

Elo kritt den Tom Muller ee bis zwee Mol den Dag an engem gesécherte Raum um Sëtz vun der Jugend- an Drogenhëllef an der Stad ënner Opsiicht vun enger Infirmière rengen Heroin a Pëlleform. Dono géif een net "mat de Suddelen mam Kapp um Dësch" leien - d'Pëllen géifen engem Loscht ginn, eppes ze maachen, an hëllefen sech wuel ze spieren, esou den Tom.

Och kierperlech wier hien nees relativ fit, seet den Tom Muller, sou datt hien nees e puer Stonnen den Dag schaffe kéint. Den Dosage gëtt vun engem spezialiséierten Dokter fir all Client individuell ajustéiert. Hie géif versichen, erofzegoen mam Dosage, mee wier prett se säi ganzt Liewe laang ze huelen: hie wéilt net méi zeréck an "déi dreckeg Zeen do era rutschen".

Den Tom Muller wunnt am Norde vum Land. Hie wier frou, wann hie fir seng Heroinpëllen ze kréien net un 365 Deeg am Joer sou wäit misst fueren. An de Garer Quartier géif hien eigentlech och gär evitéieren:

"Ech si lo um Wee vun der Gare bis hei hinner zwielef Mol gefrot ginn. An dat mécht mech och rosen. Ech äntweren hinnen och. Ech sot: 'Géi däin Dafalgan bei en anere verkafen.' Et ass ganz geféierlech am Moment, wat déi hei verkafen, well deenen ass dat schäissegal ob s du drop geess. Also wann ech d'Analysen esou kucken, (...) do war 0,2 Prozent Kokain dran. De Rescht, dat war alles Medikamenter, Gëft an hei an do...haut ass et geféierlech dat ze huelen."

Seng psychesch Problemer - d'Baustellen, wéi den Tom Müller se nennt - begleeden hien nach ëmmer. Wéinst dem Heroinprogramm kéint hien anescht domadder ëmgoen:

"An dofir sinn ech awer stolz. Ech wëll näischt aneres dobäi huelen, fir de Kapp nach méi zouzemaachen, datt ech net méi un déi Saachen denken."