Geplangte Steelwollfabrick zu Suessem "An de saueren Apel bäissen"
Wann déi geplangte Steewollfabrick an der nationaler Aktivitéitszon zu Suessem all déi néideg Konditiounen erfëllt, da misst de Buergermeeschter "an de saueren Apel bäissen" an d'Baugeneemegung ënnerschreiwen, seet de Roberto Traversini. De Buergermeeschter misst awer och no der Gesondheet vun de Bierger kucken. De Site léich an enger Zon, an där et souwisou schonn eng "schrecklech Belaaschtung" géif ginn, dorënner Dioxin.
Wann all Konditioune fir déi geplangte Steewollfabrick an der nationaler Aktivitéitszon zu Suessem erfëllt sinn, da misst de Buergermeeschter "an de saueren Apel bäissen" an d'Baugeneemegung ënnerschreiwen, sou de Roberto Traversini. Mä e Buergermeeschter misst och no der Gesondheet vu senge Bierger kucken. De Site léich an enger Zone an där et souwisou schonn eng "schrecklech Belaaschtung" géif ginn.
D'Gemenge Suessem an Déifferdeng hate sech rezent gemeinsam géint d'Implantatioun vun enger Steewollfabrik vum däitsche Grupp Knauf Insulation ausgeschwat.
Neit Police-Gebai zu Déifferdeng
D'Stad Déifferdeng ass gewëllt, fir nei Police-Büroen ze bauen, ënnert der Konditioun, datt de Staat garantéiert, 100 Prozent vun de Käschten ze rembourséieren, argumentéiert de Roberto Traversini. Dat aktuellt Police-Gebai zu Déifferdeng wier an engem - Zitat - "katastrophalen Zoustand", sou de gréngen Député-Maire.
D'Administration des bâtiments publics hat dem radio 100,7 viru Kuerzem confirméiert, datt et Problemer mat dem aktuelle Police-Gebai aus dem Joer 1931 zu Déifferdeng ginn.
Komplementär Pro-Sud-Gemengen
"Komm mir kucke komplementär ze sinn: Et muss net all Gemeng eng Fixerstuff hunn. Mä et brauch ee vläicht Wunnengen, et brauch ee vläicht aner sozial Ariichtungen." Dat seet den neie Pro-Sud-President Roberto Traversini zur Fro, wéi d'Gemengen aus dem Syndikat hir Responsabilitéit am soziale Beräich sollen iwwerhuelen.
Den Déifferdenger Député-Maire wëllt, datt iwwert d'Gemengegrenzen ewech geduecht gëtt an ee méi als Regioun soll optrieden. Eng Gemeng soll där anerer hëllefen, seet de grénge Politiker am 100,7-Interview.
D'Industriebrooche gesäit de Roberto Traversini als eng "rise Chance fir de ganze Süden". D'Zil vu Pro-Sud ass et fir regional zesummen ze schaffen a fir d'Süd-Regioun z'entwéckelen. An dëser Regioun liewen iwwert 170.000 Leit.
Esch 2022: Matsproocherecht fir d'Politik beim Geld
Bei der Asbl Esch 2022 schaffe Vertrieder vu Pro-Sud mat. Am europäesche Kulturjoer gesäit de Roberto Traversini och eng enorm Chance fir d'Süd-Regioun. Senger Meenung no wier een um gudde Wee, fir datt déi eelef Pro-Sud-Gemengen, plus d'Grenzregioun a ganz Lëtzebuerg, an dësem Beräich zesummeschaffen.
Aus der Programmatioun soll d'Politik sech sou wäit wéi méiglech eraushalen, confirméiert den Député-Maire vun Déifferdeng. D'Politik soll awer kënne mat decidéieren, wou d'Suen hi ginn. Et géif ëm e Budget vu 70 Milliounen Euro goen. D'Politiker missten de Bierger Rechenschaft doriwwer ofginn, wat mat dëse Sue geschitt, erkläert de Roberto Traversini.
Bis 2022 sollen eleng zu Déifferdeng iwwer 150 bis 200 Hotelszëmmeren zousätzlech entstoen, huet de Buergermeeschter ugekënnegt. Dës Pläng hätten et awer scho ginn, ier den Zouschlag fir Esch 2022 koum.
Dem Roberto Traversini seng Zukunft
De Roberto Traversini ass interesséiert, fir dësen Oktober mat an d'Chamberwahlen ze goen. Net beäntwert huet hien haut am Interview d'Fro, ob hien Ambitiounen huet, fir Minister ze ginn, oder ob hie sécher bis 2023 Déifferdenger Buergermeeschter wëllt bleiwen.
Bei de Chamberwahlen 2013 war de Roberto Traversini den Drëttgewielten op der Süd-Lëscht vun deene Grénge ginn, hannert dem Felix Braz an der Josée Lorsché.