arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Amendementer kéinten d'nächst Woch gestëmmt ginn

Corona-Kris

|
reading time

2 min

Amendementer kéinten d'nächst Woch gestëmmt ginn

Wéinst der zweeter Well vun Infektioune kéint d'Regierung nei Restriktiounen op de Wee bréngen. Well den Noutstand eriwwer ass, misst d'Chamber d'Moossname guttheeschen. Dës Texter kéinte bis en Donneschdeg gestëmmt ginn.

reading time

2 min

play_arrow De Bäitrag vum Serge Kesseler lauschteren


Et kann een eng Gesetzesännerung mat eventuelle punktuellen Adaptatioune bannent Deeg maachen, esou och de Mars Di Bartolomeo.

Wann d'Chamber zur Conclusioun géif kommen, datt d'Gesetz ajustéiert misst ginn, misst d'Parlament domat befaasst ginn. "A wann d'Parlament där selwechter Meenung ass, kënne mir ganz schnell liwweren, innerhalb vun Deeg", esou de President vun der Gesondheetskommissioun an der Chamber.

Dem LSAP-Deputéierten no soll een de Moment op reel Problemer reagéieren, déi feststellt ginn.

"Mir sinn am Moment a enger méi schwiereger Situatioun, mee mir sinn an enger anerer Situatioun wéi mer am Ufank vun der Kris haten."

Een zweeten Noutstand ze deklaréiere wier deemno net ubruecht.

Een zweeten Etat de Crise?

Nach eng Kéier een Etat de Crise auszeruffen, dat géif hie perséinlech schwiereg fannen, esou den CSV-Deputéierten a Jurist Léon Gloden, och wa verschidde Juristen aus der Chamber anerer Meenung wieren.

"Et si Leit, déi soen et kann nach eng Kéier wéinst dem Corona ausgeruff ginn, wann nei Fakten do sinn, déi et ebe géifen erlaben, d'Kris auszeruffen."

Fir hie géifen et keng nei faktuell Elementer ginn, déi den Noutstand géifen néideg maachen.

Wann d'Regierung deemno nei méi déif gräifend Mesurë wéilt huelen, déi an d'Privatliewen agräifen, da kéint dat just iwwer e Gesetz geschéien, esou d'Meenung vum Léon Gloden.