arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Am Teletravail schafft ee méi"

Teletravail

|
reading time

5 min

"Am Teletravail schafft ee méi"

Fir den Teletravail als flexibelen Aarbechtsmodell auszebaue wier d'Corona-Pandemie e wichtege Léierprozess, esou de Konsens an der Emissioun Riicht eraus. Mee eng Upassung vum reglementaresche Kader wier néideg, aus ekonomeschen, sozialen a gesondheetleche Grënn.

reading time

5 min

Den Teletravail am Etat de crise dierft een net gläichstelle mam Teletravail no der Kris, esou d'Aarbechtspsychologin Carolin Gorges vum STM (Service de Santé au Travail Multisectoriel).

Vill Leit hätten et schwéier wärend dem Krisenzoustand bei der Aarbecht am Home-Office déi néideg Grenzen ze respektéieren, zum Beispill bei der Aarbechtszäit. Dobäi wier et awer wichteg, Pausen ze maachen, a genuch Zäit ze hu fir ze raschten, an och mat de Gedanke fort vun der Aarbecht ze kommen.

Méi Stress am Ufank

De Switch an den Home-Office hätt och am Ufank fir verschidde Leit zousätzleche Stress verursaacht, well si net mat der Technologie eens goufen. Oder well si, a Presenz vu Partner a Kanner doheem am Confinement, Aarbecht a Privatliewen net richteg konnten trennen.

Am Teletravail géifen d'Leit tendenziell méi laang schaffen, mengt och de Frédéric Krier vum OGBL. Dat géif d'Etüd "European Working Conditions Survey" weisen. Esouguer d'Schlofzäit géif am Teletravail dacks reduzéiert ginn.

Recht op Deconnectioun

E Recht op Deconnectioun kéint esou Risike reduzéieren. Dat wier dann och ee vun de Punkten, déi den OGBL wéilt ervirhiewe bei den Diskussiounen am Conseil Economique et Social (CES) iwwer en neien interprofessionellen Accord iwwer den Teletravail.

D'Aarbechtspsycholgin Caroli Gorges bemierkt nach, datt fënnef Deeg d'Woch am Teletravail, esou wéi vill Leit dat an der Kris gemaach hunn, an elo nach maachen, wier einfach ze vill. Als Léierprozess wier et awer eng nëtzlech Zäit.

Employéen an Employeure misste beim Teletravail nach Villes léieren. Wéi ee seng Aarbechtszäit doheem kann organiséieren, wéi ee méi autonom ka schaffen, a wéi een als Employeur Leit managt, déi am Teletravail schaffen.

Tele-Aarbechter méi motivéiert

Am Teletravail géife vill Leit méi motivéiert a méi effizient schaffen, esou nach d'Carolin Gorges. An et wier positiv fir d'Relatioun mam Betrib. En Accord tëschent Salarié an Employeur, fir en Deel vun der Aarbecht am Teletravail ze maachen, wier och en Zeeche vu Vertrauen.

Wat d'Kontroll vum Teletravail ugeet, mengt den Yves Maas, Direkter vun der Banken- a Banquiers-Associatioun ABBL, et wier besser, den Teletravail un Objektiver ze bannen, am Plaz sech op eng obligatoresch a kontrolléierbar Zuel vun Aarbechtsstonnen ze fixéieren.

Lues a lues zeréck op de Büro

Eng Demande fir méi Teletravail géif et net nëmme bei de Salariéë ginn. Och vill Employeure wieren elo manner resistent zum Teletravail, esou nach den ABBL-Direkter.

D'Normalitéit wier iwwregens nach laang net erreecht. Bei de Banke géifen déi ronn 26.000 Leit, déi am Secteur schaffen, nëmme lues a lues zeréck op hir Büroe goen. Do wier een elo vläicht bei ronn 30 Prozent, déi nees normal schaffen, seet den Yves Maas.

Manner Geschäftsreese fir Bankeren?

Och d'Banken hunn am Confinement fir Business Meetingen op Videokonferenz-Technologië missen zeréckgräifen. Weltwäit hat deen domat verbonnenen Abroch vum Stroossen- a Fluchverkéier och e positiven Impakt op d'Loftqualitéit an d'Ëmwelt.

Mee de Véier-Ae-Prinzip an eng physesch Presenz bei Meetinge wier wichteg am Banken- a Finanzsecteur. Et kéint een an Zukunft net alles iwwer Video-Konferenz maachen.

Sozial Ongläichheete vum Teletravail

Fir verschidde Secteuren, wéi d'Hygiènes-Déngschter, ass den Teletravail net méiglech. Opfalend wier dem OGBL-Gewerkschafler Frédéric Krier no, datt Aarbechten, déi net am Teletravail kënne gemaach ginn, dacks mat méi niddrege Salairë remuneréiert ginn. Grad esou Secteure wieren an der Kris awer als essentiell definéiert ginn.

Wat d'Reglementatioun vum Teletravail ugeet bemierkt de Frédéric Kier nach, dat wier eigentlech, wann een et ganz genee hëlt, am Krisenzoustand, net ganz "legal". D'Teletravails-Reglementer wiere fir de Privatsecteur, anescht wéi fir d'Fonction publique, nämlech net derogéiert ginn.

Verschidde Reegelen, déi an der Teletravail-Konventioun vun 2005/2006 stinn, wieren also weider a Kraaft, mee hätten, an der Urgence, net onbedéngt kënne respektéiert ginn. Zum Beispill, datt den Employeur dem Salarié fir den Home-Office all dat néidegt Material zur Verfügung muss stellen.

Reglementatioune neutraliséiert

Bei de ronn 200.000 Frontalieren um Lëtzebuerger Aarbechtsmaart ass d'Demande fir am Teletravail ze schaffe besonnesch grouss, well si doduerch de Stau a Verkéierschaos bei der Pendler-Rees op Lëtzebuerg kënnen evitéieren.

Dem reglementaire Kader no gi Frontalieren awer an hirem Land besteiert, wa si méi wéi eng bestëmmten Zuel vun Aarbechtsdeeg do verbréngen. Fir Frankräich sinn et 29 Deeg, fir d'Belsch 24 a fir Däitschland 19 Deeg.

Wärend der Corona-Pandemie gouf Lëtzebuerg sech mat den Nopeschlänner eens, datt dës Reegel eng Zäit laang ausgesat oder neutraliséiert gëtt. Wat awer elo Enn Juni geschitt, wann den Etat de crise zu Lëtzebuerg eriwwer ass, bleift onkloer.

Dem Frédéric Krier no wier just bei der Belsch gewosst, datt d'Aussetze vun der Reegel bis den 30. Juni dauert, an eventuell nach kéint verlängert ginn. Bei Frankräich an Däitschland wier dat nach onkloer.

Den ABBL-Direkter Yves Maas betount, déi Besteierungsreegel wier ze vill restriktiv. Scho fir een Dag Teletravail pro Woch méiglech ze maachen, missten d'Limitten, déi fir d'Besteierung gëllen, eropgesat ginn.

Fir op deem Punkt nei Accorde mat den Nopeschlänner ze fanne géif senger Meenung no awer schwiereg ginn, well d'Nopeschlänner da wuel vu Lëtzebuerg en Ausgläich vu "verluerene" Steierrecettë wäerte fuerderen.

OGBL wëllt 25 Prozent Teletravail fir Frontalieren

Den OGBL plaidéiert prinzipiell derfir, datt d'Frontalieren aus den dräi Nopeschlänner d'selwecht misste behandelt ginn. Déi selwecht iewescht Grenz vun Deeg, déi si vun doheem aus kënne schaffen, éier an hirem Land besteiert ze ginn.

Weider mengt de Frédéric Krier, et sollt een d'Besteierungs-Reegel mat der europäescher Reegelung fir d'Sécurité Sociale gläichsetzen. Dëser Reegelung no gi Frontalieren an hirem Land sozial affiliéiert, wa si méi wéi 25 Prozent vun der Jores-Aarbechtszäit vu doheem aus schaffen.

Den OGBL géif et ideal fannen, wann et fir d'Besteierung déi selwecht Reegelung géif gi wéi fir d'Sécurité Sociale. Dat géif, dem Frédéric Krier no ee bis zwee Deeg d'Woch Teletravail méiglech maachen.