Tëschent dem 18. September an 23. Oktober gouf e Comptage um Terrain gemaach, heescht et am Communiqué vun den zwee Ministèren. Dobäi gouf festgestallt, datt bei 37 vun den 383 Schülerlinnen am Land Passagéier hu misste stoen. Op fënnef vun dësen Trajete ginn dofir vum 9. November un zousätzlech Bussen agesat. Fir déi aner 32 gi méi grouss Busser geholl.
Och beim Personal soll opgestockt ginn: Dofir soll wärend de Stousszäiten en Deel vun der Offer am RGTR-Reseau reduzéiert ginn. Dat dierft d'Notzer net all ze vill impaktéieren, heescht et, well déi lescht zwou Wochen d'Zuel vu Passagéier souwisou schonn erofgaange wier. Donieft kéinten am Noutfall och Chauffere vun der Luxair an eventuell och der Arméi kënnen agesat ginn.