arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Allianz mam Publikum

Medien

|
reading time

5 min

Allianz mam Publikum

D'Bettina Schmieding (DLF), de Klaus Unterberger (ORF) an de Bakel Walden (SRG) betounen, datt ëffentlech-rechtlech Medien een essentielle gesellschaftleche Bäitrag géife leeschten. Mee si misste sech konstant a Fro stellen an den direkten Austausch mat de Leit sichen.

reading time

5 min

2018 hu sech ronn 70 Prozent vun de Schwäizer a Schwäizerinnen an engem Referendum fir d'Bäibehale vum Gebühresystem ausgeschwat, mat deem déi Schwäizer Rundfunkgesellschaft (SRG) finanzéiert gëtt. An der ëffentlecher Debatt gouf awer net mat Kritik um Medienhaus gespuert.

Dat hätt der SRG gutt gedoen an ee grousse Reformprozess ausgeléist, seet de Bakel Walden. Et gouf gespuert a sech anescht ausgeriicht: Et gëtt elo ënner anerem méi a Schwäizer Eegeproduktioune vu Serien a Filmer investéiert, grad wéi a multimedial Online-Plattformen.

Fir de Member vun der SRG-Geschäftsleedung ass ee Mentalitéitswiessel néideg: "D'Perceptioun ass leider nach ëmmer an der Ëffentlechkeet net onbedéngt, datt ëffentlech Medienhaiser sech selwer iwwerméisseg kritesch gesinn. An der Schwäiz war dat virun der Ofstëmmung kloer ee vun de Kritikpunkten."

Kritik differenzéiert gesinn

De Klaus Unterberger ass beim éisträichesche Rundfunk (ORF) Direkter vum Kompetenzzentrum fir "Public Value". Hei gëtt erfuerscht, ob a wéi den ORF am allgemengen Interessi agéiert. Dofir ginn ënner anerem Ëmfroe gemaach, an et gëtt den direkten Austausch mat de Bierger gesicht. An do kéime ganz aner Kritikpunkten op, wéi se vu Politiker formuléiert ginn.

Géintiwwer demokratiefeindlechen Attacke géint ëffentlech-rechtleche Medien misst een eng kloer Haltung hunn, mengt de Klaus Unterberger. A ville südosteuropäesche Länner wier de Service Public an Existenznout, an europawäit géifen et eescht Versich vun engem "Kahlschlag" vum Service Public ginn.

Zum Beispill elo grad a Groussbritannien, wou de Premier Boris Johnson elo d'BBC attackéiert: "Mat Selbskritik wäerte mir déi existenziell Geforen net léisen", mengt de Klaus Unterberger. Et bräicht ee Glafwierdegkeet an eng staark Rechenschaftsflicht, mee gläichzäiteg misst ee sech och traue sech géint Attacke méi offensiv ze profiléieren.

Mee wou bleift den Opstand?

D'Bettina Schmieding vum Deutschlandfunk (DLF) ass skeptesch, ob d'Allianz mat de Leit géint Attacken aus der Politik ëmmer geléngt. D'Journalistin nennt d'Beispill vun der BBC, där hire Gebühresystem vun der konservativer brittescher Regierung a Fro gestallt gëtt: "Ech gesi lo keng Groussdemonstratiounen zu London fir d'Rettung vun der BBC. Ëmmer, wann et ëm d'Sue geet, hunn ech d'Gefill, datt eis Notzerinnen an Notzer eis guer net sou immens fannen."

Wat de Service Public leescht, wier decisiv fir d'Funktionéiere vun enger Demokratie, seet d'Bettina Schmieding: "Mee firwat geléngt et eis net, dat ze vermëttelen" an een "Identifikatiounsgefill ze bewierken"?

Feedback-Kanäl

An Éisträich géif d'Allianz mam Publikum "grosso modo" gutt geléngen, kontert de Klaus Unterberger. Den ORF géif een héicht Vertraue genéissen: "Dorobber kann een opbauen, mee sech net drop ausrouen - dat ass een decisive Punkt".

DLF, ORF an SRG hu consultativ Gremien, an deenen d'Zivilgesellschaft vertrueden ass, an déi sech ënner anerem mam Programmcontenu auserneesetzen. Et ginn awer och Ombuds- respektiv Beschwerdestellen, déi vu jiddwerengem saiséiert kënne ginn.

D'Bettina Schmieding ass iwwerzeegt, datt Journalisten hir Aarbecht wesentlech méi gewëssenhaft maachen, zanter datt de Publikum sech iwwer lauter verschidde Kanäl - vun der formeller Programmbeschwerde, iwwer interaktiv Sendunge bis zu Social Media - méi aktiv amëscht. An dat wier gutt esou: "Mir kucke vill méi genee hin".

Onofhängegkeet & Rechenschaftsflicht

Mat Drock aus Politik a Wirtschaft wieren all Journaliste konfrontéiert, seet de Klaus Unterberger. Déi decisiv Fro wier, wéi si domadder ëmginn. D'Rechter an d'Flichte vu Journaliste wieren am Service Public wesentlech méi strikt gereegelt a kontrolléiert, wéi dat bei private Medienhaiser de Fall wier. A bei de soziale Medie géif et näischt vun all deem ginn, sou de Klaus Unterberger.

"Dat muss een eis net gleewen. Dat kann een an Usproch huelen. Et kann een eis kritiséieren. A mir hunn eppes, wat an der Demokratie a fir d'Onofhängegkeet entscheedend ass, nämlech ëffentlech Kontroll. Dat ass ee staarke Punkt. Doriwwer sollte mir och schwätzen, grad am Verglach mat eise Konkurrenten. Wiem gehéiere Medien? Wëssen d'Leit zum Beispill wie bei Pro7/Sat1 d'Soen huet? Wie kann do op d'Programmer Afloss huelen oder net? Wie kontrolléiert do Aflossfacteuren? Wa mir couragéiert an oppe mat Publikum schwätzen, datt d'Mënschen déi Argumenter verstinn."

A wat wier ouni de Service Public?

Wann de Schwäizer Referendum vun 2018 anescht ausgaange wier, géif et do haut keng ëffentlech-rechtlech Medie méi. Wat géif dann eigentlech feelen? Fir de Bakel Walden, dee virdru fir ee privat Medienhaus geschafft huet (RTL Group) ass et evident, datt ee groussen Deel vum SRG-Programm vu kommerziellen Acteuren net kéint finanzéiert ginn.

"Grad an engem Land, wou de Maartundeel vun auslännesche Sender bei iwwer 60 Prozent läit, wier et extrem schwiereg, nach eng Offer am Beräich Informatioun, Kultur a Bildung ze maachen."

50 Prozent vum SRG-Budget fléissen an Informatioun, also Dagesaktualitéit, Investigativ-Journalismus oder Hannergrond-Dokumentatiounen. Investéiert gëtt och an d'Kulturfërderung, zum Beispill duerch Accorde mat Filmproduzenten. 32 Millioune Franken d'Joer ginn a Kinosfilmer, Tëleesserien, Kuerzfilmer, Animatiounsfilmer an a multimedial Projeten investéiert. An dat Ganzt géif a véier Sproochen ugebuede ginn.

Aschaltquot a "Public Value"

Mee wéi moosst een, ob den Invest an ëffentlech-rechtlech Medie sech lount? D'Aschaltquot ass wichteg, betount de Bakel Walden vun der SRG: Kee wéilt ee "service public sans public". Deen Taux wier awer kee perfekten Outil. Zum Beispill géifen d'Aschaltquoten net erëmspigelen, wéi eng Gesellschaft prinzipiell zur Existenz vum Service Public steet - dat hätt déi grouss Zoustëmmung beim Referendum 2018 gewisen.

De Succès vun enger Sendung géif och net bedeiten, datt d'Leit se och als e relevante gesellschaftleche Bäitrag consideréieren: "Mir hunn Talentshows mat iwwer 40 Prozent Aschaltquoten, mee wa mir d'Leit froen, ob si déi Sendung an eiser Offer wichteg fannen, soe si: Nee."

Nieft de Quoten erhiewen d'SRG, grad wéi den ORF, dowéinst elo och aner Parameter, fir sech ze orientéieren.

Zukunftsfäeg?

Trotzdeem géif ee vill Deeler vun der Gesellschaft net erreechen, bedauert de Klaus Unterberger. Hie verweist op rezent Chifferen aus der Schwäiz: Een Drëttel vun de Leit konsuméiert keng journalistesch produzéiert Informatioune méi. Bei de Jonken ënner 30 léich den Undeel vun "News-Deprivéierte" bei 50 Prozent.

De Service Public bräicht Iddien a Moyene fir Weeër bei nei Audiencen ze fannen. Et misst ee sech trauen d'"Firwat-net-Fro" ze stellen: "Firwat eigentlech net ëffentlech-rechtlech Sozial Medien? Firwat eigentlech net europäesch ëffentlech-rechtlech Plattformen?"