Tubak "Alles ass denkbar"

De Moment géif an der Regierung net iwwer en Eropsetze vum Zigarettepräis diskutéiert ginn, seet déi nei Gesondheetsministerin Paulette Lenert. Datt de Präis wéi a Frankräich op zéng Euro klamme kéint, schléisst si awer net aus.

Serge Kesseler / cbi

Ministère de la Santé
Den Zigarettepräis läit net an der Kompetenz vum Gesondheetsministère, seet d'Paulette Lenert

De Bäitrag vum Serge Kesseler lauschteren


21 Prozent vun der Lëtzebuerger Populatioun fëmmen. Well de Grand-Duché domat ënner der EU-Moyenne läit, geséich een net direkt een Impakt vum Zigarettepräis op d'Fëmmverhalen, esou d'Reaktioun vun der Ministerin Paulette Lenert.

Dowéinst géif hire Ministère éischter op Preventiounsmesurë setzen. Bei der Präisfro weist d'Gesondheetsministerin sech trotzdeem diskussiounsbereet.

"Wann ee mech kann iwwerzeegen, datt de Präis wierklech déi Schrauf, ass un déi ee muss dréie goen, loossen ech gäre mat mir schwätzen. Mee dat si Fakten, déi ech à ce stade esou nach net virleien hunn."

Si wéilt fir de Moment éischter un de Verstand appelléieren, fir jonk Leit fréi op d'Konsequenze fir d'Gesondheet opmierksam ze maachen. Doru géif si "à priori" méi gleewen, wéi un eng reng Präispolitik, esou d'Paulette Lenert. Si géif sech awer fir all Diskussiounen an deem Beräich oppe weisen.

Keng Fro vun der Moralitéit

De Professer Bertrand Dautzenberg geheit Lëtzebuerg Steierdumping bei den Zigarette vir: doduerch géif d'Gesondheetssituatioun vun de Fransousen am Grenzgebitt mat Lëtzebuerg verschlëmmert ginn. De franséischen Dokter huet vun enger "moralescher Fro" geschwat.

D'Paulette Lenert gëtt deem net Recht: et hätt een e fräie Maart an eng ënnerschiddlech Präispolitik. "Ech denken net, datt dat eng Saach vu Moralitéit ass." D'Gesondheetsministerin verweist op eng "relativ konsequent Politik" fir Preventioun ze maachen.

Kompetenz läit beim Finanzministère

A Frankräich wäert de Pak Zigaretten den 1. Mäerz jee no Mark op zéng Euro oder méi klammen: d'Regierung zu Paräis wëllt domat eppes géint d'Fëmmen ënnerhuelen. Wier e Präis vun zéng Euro och hei am Land kuerz- oder mëttelfristeg denkbar? Dozou seet déi nei Gesondheetsministerin, datt alles denkbar wier.

De Präis vun den Zigarette wier awer net hire Ressort, dat géif de Finanzminister betreffen. Si kéint dofir och näischt an de Raum stellen, ob sech do eppes an noer Zukunft géif änneren. Gespréicher mam Finanzministère am Hibléck op eng nei Preventiounspolitik schléisst d'Paulette Lenert net aus.

Méi zum Thema

Ee mann, dee fëmmt
Tubak

De franséische Pneumolog an Tabacolog Bertrand Dautzenberg kritiséiert déi "aussergewéinlech niddreg" Zigarettepräisser zu Lëtzebuerg. Doduerch géif d'Gesondheetssituatioun vun de Fransouse verschlëmmert ginn.

Suchtberodung online DAM
Gesondheet

D'Jugend- an Drogenhëllef, Impuls an de Centre de Prévention des Toxicomanies hunn zesummen d'App Suchtberodung Online entwéckelt, an där een Infoen zum Drogekonsum kritt a mat engem Beroder a Kontakt komme kann.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen