Et wier elo un de politeschen Instanzen, awer och um Haff fir aktiv ze ginn, fir praktesch virunzekommen, betount den Alex Bodry.
Fir de fréieren LSAP-Deputéierte stellt sech och d'Fro, ob wéinst der aktueller Diskussioun net eenzel Punkte vun de geplangte Verfassungsännerunge solle virgezu ginn.
Déi eenzel Piste wieren am Waringo-Rapport opzezeechent ginn. Dat wieren och Froen, déi schonn an der Chamber-Institutiounekommissioun diskutéiert goufen an zu deenen Text-Virschléi ausgeschafft gi wieren.
Déi géifen dora bestoe fir der Maison du Grand-Duc eng Personnalité juridique ze ginn, fir eng gewëss gesetzlech Basis ze schafen. De finanzielle Volet - dat heescht d'Héicht vun der finanzieller Dotatioun fir den Haff - géif, sou den Alex Bodry, vun engem Spezialgesetz festgeluecht ginn.
Den Alex Bodry ass der Meenung, datt een am Hibléck op de Waringo-Rapport bei den Aarbechten an der Chamber-Institutiounekommisioun "net esou falsch" louch.
Alex Bodry: "Elo ass de Moment fir ze handelen"
Et sollt een déi néideg Aarbecht an dësem Dossier elo konsequent ugoen a se net "erëm ëm Joren ausschuppen". "Elo leien all d'Donnéeën um Dësch. Et ass elo de Moment fir ze handelen", sou de Member vum Staatsrot.
De Waringo-Rapport géif all d'Problematiken uschwätzen, déi Deel vun der Missioun vum Jeannot Waringo waren, sou d'Aschätzung vum Alex Bodry.
D'Aart a Weis vum Auteur géif kee blesséieren, e géif awer och näischt beschéinegen.
Verschidden néideg Prezisioune kéinten an d'Verfassung ageschriwwe ginn
Bei der Fro vun der Roll vun der Grande-Duchesse erënnert den Alex Bodry drun, datt de Conjoint vum Staatschef dem juristeschen Text no net existéiert.
"Dat heescht, déi huet u sech keng Befugnisser, no eisen Texter. Do schéngt sech eng aner Praxis entwéckelt ze hunn, an deene leschte Joren. D'Fro stellt sech, ob et mat deem Rapport do duergeet, ob dee Rapport eng Prise de conscience mat sech zitt bei deenen direkt Concernéierten, datt do een anert Verhale muss kommen an den nächste Joren, oder ob et néideg ass wierklech op deem dote Punkt och Texter ze stëmmen."
Den Alex Bodry nennt d'Beispill vun der spuenescher Verfassung, an där eng Dispositioun géif drastoen, déi ausdrécklech géif festhalen, datt de Partner vum Monarch keng Befugnisser hätt.
"Ech hu bis elo ëmmer gemengt, et wier onnéideg esou eppes an eis Verfassung eranzeschreiwen. Et muss een d'Diskussioun awer vläicht nach eng Kéier féieren."
Jeannot Waringo wäert Conclusiounen an der zoustänneger Chamberkommissioun presentéieren
Den Auteur vum Rapport, de Jeannot Waringo wäert d'Conclusioune vu senger Missioun vu sechs Méint beim grouss-herzoglechen Haff e Mëttwoch an der Institutiounen-Kommissioun an der Chamber presentéieren.
Bis de Rapport e Mëttwoch presentéiert gëtt wëllt de Staatsministère net doriwwer kommunizéieren, huet et de Freideg de Mëtteg op eis Nofro hi geheescht.
De fréieren Direkter vun der Inspection générale des finances Jeannot Waringo hat am Juni d'lescht Joer vum Premier Xavier Bettel d'Missioun kritt fir d'Personal-Politik an d'Finanzgestioun um Haff ënner d'Lupp ze huelen.