Police Judiciaire Aktiv Kannerpornographie bekämpfen

D'lescht Joer hätt d'Police méi wéi 20 Fäll vu Kannerpornographie traitéiert, déi een direkte Lien mat Lëtzebuerg hätten, seet de Claude Weis, Commissaire en Chef an der Jugendschutz-Sektioun bei der Police Judiciaire. Am Duerchschnëtt wieren déi Jore virdru ronn eng Dose Fäll behandelt ginn. D'Hausse d'lescht Joer wier awer och dorop zeréck ze féieren, datt Fäll wuel hei gemellt goufen, d'Affer an d'Täter awer net zu Lëtzebuerg wunne géifen.

Françoise Keller / cbi

Kanner
Foto: Bigstock / Kasia Bialasiewicz

Dës Fäll, an deene Kanner fir pornographesch Zwecker mëssbraucht goufen, wieren och bei der BEE SECURE Stopline gemellt ginn. Dës hätt d'lescht Joer vun iwwer 700 gemellte Linke mat Kannerpornographie ongeféier 600 als méiglecherweis illegal agestuuft. Dat sot d'Responsabel vun der Stopline rezent am 100,7-Interview. D'Police Judiciaire hätt déi Informatiounen un d'Ausland weiderginn, esou de Claude Weis, Commissaire en Chef an der Jugendschutz-Sektioun bei der PJ.

Den Ament schaffen 12 Beamten an der Jugendschutzsektioun bei der Police Judiciaire. Een Drëttel vun hinne schafft donieft nach op Fäll vu Kannerpornographie. Dem Claude Weis no missten op d'mannst véier Beamte just an dësem Beräich schaffen. Dat wier och an der Police-Reform virgesinn, déi den Ament um Instanzewee ass. D'Zil wier et, fir net just op Meldunge kënnen ze reagéieren, mee och aktiv am Internet Kannerpornographie kënnen ze bekämpfen.

Ee laangwierege Prozess

D'Missioun vun der Jugendschutz-Sektioun bei der Police Judiciaire wier et erauszefannen, ob eng Persoun, déi kannerpornographescht Material besëtzt oder um Internet opgeruff huet, sech och selwer un engem Mannerjärege vergraff huet. Dofir misst een dacks bei engem Täter Millioune Bild-Material duerchkucken. Dat wier trotz de Computerprogrammer op déi d'Beamten zeréck gräifen, ee laangwierege Prozess. Et géif een do u seng Limitte kommen, seet de Claude Weis. Et misst ee sech d'Fro stellen, ob een all d'Fotoe géif ukucken, oder just d'Halschent. Et géif ee riskéieren, eppes Wichteges ze verpassen, oder souguer verpassen, e Kand an Nout ze retten.

Am Ausland géife Policebeamten dacks wéinst der Belaaschtung net méi wéi fënnef Joer op Fäll vu Kannerpornographie schaffen, esou nach de Claude Weis.


D'Françoise Keller am Panorama de 24. Abrëll um 7 Auer:

Lauschteren

Méi zum Thema

Sally Stephany & Barbara Gorges-Wagner
Invitéeë vum Dag

Der BEE SECURE Stopline kënne Bierger illegale Contenu, deen si um Internet gesinn, anonym mellen. D'Sally Stephany an d'Barbara Gorges-Wagner vun der Stopline am Gespréich.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen